
Dank dem Agrement vum Ministère des Affaires étrangères et européennes ass SOS Faim eng offiziell unerkannten ONG. Mee wat bedeit dat genau? Ziel vun dem Agrement ass et, Organisatiounen auszewielen, déi all erfuerderlech Krittären erfëllen fir d'Subsiden vun der Lëtzebuerger Regierung sënnvoll an effizient anzesetzen.

Des Ënnerstëtzung vun der Regierung ass awer nëmmen méiglech, wann d'ONG an éischter Linn vun der finanzieller Ënnerstëtzung vum Donateur (privat oder institutionell) profitéiert. D'Finanzéierung vum Ministère ass an Wierklechkeet eng Kofinanzéierung. Den Ausgangspunkt vun der Aarbecht vun SOS Faim ass also d'Spend, déi dann dank dem genannten Mechanismus, op dat véierfacht erhéicht gëtt.
Dat ass den Slogan vun der neister Kommunikatiounscampagne vun SOS Faim. Tatsächlech verdeelt d'ONG keng Liewensmëttel mee ënnerstëtzt 23 Partner, Acteure vum Wandel, an siwen afrikaneschen Länner (Benin, Burkina Faso, Ethiopien, Mali, Niger, Demokratesch Republik Kongo an Senegal).
Dës Acteure, déi an Bauerenorganisatiounen, Mikrofinanzinstitutiounen oder Menschenrechtsorganisatiounen (besonnesch am Bezuch op d'Recht vun Baueren op den Zougang zu Land, Sat an natierlechen Ressourcen) engagéiert sinn, droen all zu der Verännerung bei, déi zur Beseitegung vun Honger an Aarmut erfuerderlech sinn. Ongeféier 500.000 Mënschen an Afrika profitéieren vun der Ënnerstëtzung, déi SOS Faim sengen Partner zoukommen léist.

Fir des Spendenkampagne huet SOS Faim decidéiert der Ëffentlechkeet d'Odette Nshobole virzestellen, déi vun engem vun eisem Partner an Afrika ënnerstëtzt gëtt.
Hat ass "d'Gesiicht" vun eiser Spendenkampagne. Beispiller wei dat vum Odette ginn et dausenden. Mir hunn säin Temoignage ausgewielt, well hat d'Jugend an d'Fra representéiert. Zwee Profiller, déi an den Entwécklungslänner besonnesch sensibel sinn. Als jonken Mënsch ass et besonnesch schwiereg, Zougang zu Land ze kréien, an als Fra ass et nach méi schwéier, seet d'Cécile Havard, Responsabel fir d'Récolte de fonds bei SOS Faim.
Am Joer 2020 waren bal 12% vun der Weltbevëlkerung vun schwéierer Ernierungsonsécherheet betraff. Dat entsprécht 928 Milliounen Mënschen. Dat sinn 149 Milliounen méi wei am Joer 2019.
D'Urgence war nach ni esou present. Andeem SOS Faim mat engagéierten lokalen Acteuren zesummeschafft, entscheet sech d'Organisatioun dofir, den Baueren d'Moyen ze gi, selwer ze produzéieren, sech ze ernären an d'Liewenskonditiounen vun hiren Familljen ze verbesseren. D'Ënnerstëtzung vun SOS Faim bedeit, et dësen Famillen ze erméiglechen, eng dauerhaft Ernierungssécherheet ze erreechen !