
Wie gutt Iesse seet, seet och gutt drénken! De Béier gëtt ëmmer méi populär a gewënnt no an no u Präsenz op eisen Dëscher a Begleedung vun enger Villzuel vu Platen. Franséisch, italienesch oder asiatesch Kichen, Fleesch, Fësch, Kéis a souguer Desserten: bei all Plat säi Béier. An dat huet een Numm: Food pairing. Eng Praxis, déi et schonn am Gastronomiesecteur gëtt an doranner besteet, déi beschte Kombinatiounen tëscht de verschiddene Komponente vun engem Rezept an den Aromae vun engem Gedrénks ze fannen. De Beweis dofir ass z. B. de Lëtzebuerger Béier Battin, dee rondrëm seng Mark d’Konzept vum „savoir-bière“ entwéckelt huet. De Prinzip? Adequat Plate fannen, déi d’Béiergamme begleet. A fir dat ze maachen, zéckt Battin net, fir en Opruff un déi grouss renomméiert Käch ze maachen …
Den Effekt vum Béier op d’Geschmacksknospen
Ënner anerem huet de Béier dräi Haaptcharakteristiken, déi et erlaben ee Plat ze completéieren: säi battere Goût, seng Röstaromaen an d’Kuelesaier.
De battere Goût, dee sech duerch den Happ entwéckelt, ass ideal mat salzegen a gehäerzte Platen.
Röstaromaen, virun allem a staarken, bronge Béierzorten ze fannen, komme vum Malz a passe perfekt bei Desserten oder Mieresfriichten.
D’Kuelesaier verstäerkt déi verschidden Aromaen an fërderen d’Verdauung. An, a Begleedung vun engem schaarfe Plat, kann ee gutt ausgewielte Béier de Gumm an d’Geschmacksknospen iwwerraschend erfrëschen.
All Béier huet seng Missioun
Opgepasst, net all Béier passt bei all Plat. Fir eng gelonge Kombinatioun, gëtt et eng Reegel: entweder ee Béier steet komplementar vum Plat oder ee Béier gläicht d’Aromae vum Plat aus oder awer ëmgedréint, en ënnersträicht oder verstäerkt d’Aromaen.
Déi bescht Accorden
De Béier an de Rezepter integréieren
De Food pairing hält net beim Teller op, de Béier gëtt net nëmmen am Glas zerwéiert, ma och am Plat integréiert. Ëmmer méi Käch huele gudde Béier, fir verschidde Preparatiounen ze verfeineren oder Zosen a Britten ofzeronnen. Mee opgepasst, et geet net duer, fir e bësse Béier bei iergendee Plat dobäizeginn. Nee, do brauch ee schonn e bësse Wëssen a Kënnen. E bësse Fruité an enger Dessertszooss oder eng Blonde am Ragout si schonn ee gudden Ufank an eng schéin Iwwerraschung fir de Gumm.
Huelt z. B. d’Rezept vum Kach Nicolas Szele. Amplaz de Béier just nieft sengem Burger mat Kachkéis ze zerwéieren, huet hien es och dra gemaach. Eng BattinTriple ass soumat Deel vun der Kéiszooss, fir een onvergläichleche Goût ze kreéieren.