
De Steierzueler, Resident oder net, deen an enger Partnerschaft lieft, gëtt d’ganzt Joer an der Steierklass 1 als Jonggesell besteiert. Hie kann awer d’Joer nom Steierjoer, réckwierkend iwwert d‘Steiererklärung eng gemeinsam Besteierung an der Steierklass 2 auswielen.
An deem Fall muss d’Partnerschaft wärend dem komplette Steierjoer, dat heescht vum 1. Januar bis den 31. Dezember, existéiert hunn. Wann d’Partnerschaft also réischt Mëtt vum Joer geschloss gouf kënnen d’Partner net réckwierkend eng gemeinsam Besteierung fir d’Joer ufroen. Ausserdeem mussen d’Partner ee gemeinsame Wunnsëtz hunn, also op der selwechter Adress ugemellt sinn.
Bei der alleréischter Ufro fir eng gemeinsam Besteierung musse gepacst Steierzueler zu Lëtzebuerg, eng Kopie vum Zertifikat vum Parquet Général ofginn, déi d’Aschreiwung vun der Partnerschaft am Zivilregister beleet. Steierflichteg Grenzgänger mussen en offiziellt Dokument vun den zoustännegen Autoritéiten aus dem Land, wou si wunnen ofginn, dat d’Existenz vun der Partnerschaft beleet.
Och wann déi réckwierkend gemeinsam Besteierung fir ee bestëmmt Steierjoer ugefrot gouf, mussen déi betraffe Steierzueler dat net onbedéngt am Joer drop och machen.
D’Zil vun enger gemeinsamer Steiererklärung ass et d’Steierlaascht ze reduzéieren, well de Steiersaz an der Steierklass 1 méi héich ass wei an der Steierklass 2.
Sou stellt sech also d’Fro, wéi héich déi Deductioune si vun deene gepactse Steierzueler kéinte profitéieren?
Am Fall wou ee Steierzueler an der Steierklass 1 besteiert gëtt an den aneren an der Steierklass 1a, ass et rotsam, un Hand vum Akommes vu béide Parteien, z’analyséieren ob eng réckwierkend Besteierung an der Steierklass 2 iwwerhaapt interessant ass oder net.
Den LCGB steet Iech zur Säit a kuckt zesumme mat Iech, wéi eng Optioun fir Iech besser ass. Donieft informéiert den LCGB och iwwert déi verschidde Fräibeträg an hëlleft senge Membere gratis beim Ausfëlle vun der Steiererklärung.