Grousse Public Viewing um Glacis"De leschte Moment e Gol ass ëmmer schued"

RTL Lëtzebuerg
Déi spannend Phas bei der WM ass grad amgaangen. An der KO-Phas kënnt nëmmen de Gewënner virun. Beim Klassiker Spuenien géint Portugal ware ganz vill Fans beim Public Viewing um Glacis.

D’spuenesch Fans waren no den 90 Minutten deck zefridden, déi portugisesch Supporter hätte sech op d’mannst eng Verlängerung gewënscht, wier et dach en ausgeglachene Match gewiescht.

D'portugisesche Fans hunn sech nom Match enttäuscht gewisen

Um RTL-Mikro sot e Fan vu Portugal: "Ech fannen et hätt misse Verlängerung ginn, esou e Gol am leschte Moment, dat ass ëmmer Schued.”

Stëmmung um Public Viewing an der Stad
Portugal verléiert 1:0 géint Spuenien

Bei de spuenesche Supporter war et éischter Viva-España-Stëmmung, de Match wier mega spannend gewiescht. Eng jonk Spuenierin sot nom Match: “Et war ganz opreegend, et war esou stresseg, mee zum Gléck ass de Gol nach gefall. Mir sinn esou frou.”

Back to Top
CIM LOGO