Fake!Police aus Kartrong "kontrolléiert" op belscher Autobunn

Tom Nols
Wien an der Lescht op der E411 ënnerwee war, huet an der Province de Luxembourg am Beräich vun engem Chantier vläicht e besonnescht Gefier vun der belscher Police an Uecht geholl.
Vun Noem erkennt een, dass et sech net ëm en echte Policeauto handelt
Vun Noem erkennt een, dass et sech net ëm en echte Policeauto handelt
© Domingos Oliveira

Op de belschen Autobunnen ass eng maximal Vitess vun 120 Kilometer an der Stonn erlaabt. Jiddereen, dee scho mol op d'belsch Plage gefuer ass, weess, dass ee sech och besser un déi Limitt hält, well d'Autoritéiten an eisem Nopeschland nawell gäre kontrolléieren an et verhält een och net ëmmer sou ganz genee, wou déi fest installéiert Radaren da wierklech stinn.

Op de soziale Medie mécht elo e Video vun enger Bréisseler Influencerin d'Ronn, déi op der Autobunn E411 a Richtung Bréissel e besonnescht Gefier gefilmt huet. Dodra gesäit een am Beräich vun der Sortie "Chiny Léglise" e Policeauto, deen op der Pannespuer steet. Instinktiv hëlt een de Fouss vum Gas an et mécht een direkt méi lues. Dat muss e Radar sinn! Wat een awer méi no kënnt, wat méi kloer gëtt, dass et guer keen echte Policeauto ass. "Fake!" géif eng gewësse Persoun jäizen, wa se sech dann op d'E411 géif verieren.

Et handelt sech ëm e Policeauto aus Kartrong, dee laanscht d'Säit vun der Autobunn gestallt ginn ass. Den hënneschten Deel vun engem eelere VW Sharan ass drop gemoolt. Dee Modell gëtt zwar scho länger net méi benotzt vun der belscher Police, mee wéi et schéngt, erfëllt de Won nach ëmmer säin Zweck. Automobiliste gi vum Gas, oder kucken op d'mannst mol op hiren Tacho, ob se dann och wierklech nach am grénge Beräich ënnerwee sinn. Ausserdeem kann d'"Gefier" Dag a Nuecht agesat ginn. Et brauch kee Personal a freet och net no Nuetsstonnen a Rouzäiten.

E bësse méi wäit op der Autobunn an der Province de Luxembourg wier dunn effektiv eng richteg Vitesskontroll gewiescht, sou d'Influencerin. Dobäi kann den Auto aus Kartrong allerdéngs zwou verschidde Reaktiounen zur Folleg gehat hunn. Verschidden Automobilisten haten d'Fake-Gefier vläicht als Warnung verstanen an dowéinst ënner 120 bliwwen, anerer waren awer vläicht der Meenung, si kéinten elo rëm méi Gas ginn, well se jo lo bal op déi "falsch" Kontroll eragefall waren.

Jiddefalls ass d'Iddi vun der Police aus Kartong net nei an der Belsch. Schonn 2003 hat d'Police vun Arel e "Fuerpark" vun 11 sou Gefierer produzéiere gelooss, fir se laanscht d'Strooss ze stellen an esou de Verkéier ze berouegen. Donieft ass fir d'Wallonie eng nei Well vu Radaren annoncéiert ginn, déi vu September u sollen installéiert ginn. Bis 2029 sinn 150 nei Anlage geplangt. Ob och nei Policeautoen aus Kartrong wäerte produzéiert ginn, ass net bekannt gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO