
Obwuel d'Bevëlkerung zu Lëtzebuerg vun 1991 bis 2016 sech quasi verduebelt huet, konnt e generellen Trend zu enger Stabiliséierung an der Entwécklung vum Hausmüll observéiert ginn. Allerdéngs, wat de Plastikoffall betrëfft, konnt een unhand vun enger an de Joeren 2013/2014 duerchgefouerter Offall-Analys feststellen, dass dëse bannent 4 Joer ëm 5,6% geklomme war. Et sief gesot, dass dës Zuel 17,8% vum Gewiicht an 43,7% vum Reschtoffall representéiert. Eng nei Offall-Analys ass am gaangen, an d'Resultater ginn nach fir dëst Joer erwaart.
Eco-Sac an EcoBox: "Success Stories" fir eng effektiv Plastikreduzéierung
Vill Projete sinn an der Entwécklungsphas a verschidden Initiative konnte scho vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung agefouert ginn:
De Projet vun IMS „Zero Single-Use Plastic“ setzt sech a fir d’Ofschafe vun Eewee-Plastiker an de Betriber bis Enn 2020:
Fir en neit a méi ambitiéist Offallgesetz
Am Kader vun den Direktiven zur Kreeslafwiertschaft an Eewee-Plastik gëtt en éischte Projet vum neien Offallgesetz am Hierscht dëst Joer presentéiert, e Projet mat ambitiéise Mesuren an der Präventioun a Reduktioun vu Plastikoffall, fir datt Lëtzebuerg Virreider an deem Beräich bleift.
"Null Offall Lëtzebuerg" - Sief dobäi!
D'Campagne "Null Offall Lëtzebuerg" gouf entwéckelt fir eng Strategie Null Offall fir d'Lëtzebuerger Land ze entwéckelen. D’Zil ass eng grouss Unzuel u Gedanken an Iddie vun all de Participanten ze sammelen an déi an den Avant-Projet vum neien Offallgesetz afléissen ze loossen. A Präsenz vun der Ministesch Carole Dieschbourg gi 5 Workshoppen an de Méint Mee a Juni 2019 uechtert d’Land organiséiert:
• 13.06.2019 zu Ell (vun 18:30 bis 21:00)
• 20.06.2019 zu Iechternach (vun 18:30 bis 21:00)
Fir eng gutt Organisatioun vun de Workshoppen ze erméiglechen, ass jiddwereen dee motivéiert ass hei matzemaachen invitéiert sech an engem Atelier vu senger Wiel iwwert d’Internetsäit nulloffall.lu unzemellen.