Sponsored ContentISR - e Placement, den Ethik a Finanzwelt matenee verbënnt.

RTL Lëtzebuerg

De “sozial responsabelen” Investissement (ISR) ass eng finanziell Anlag, déi Iech erlaabt, är Erspuernisser mat Gewënn unzeleeën an dobäi är eethesch, ekologesch a sozial Wäerter ze respektéieren. Dëst ass eng speziell Kategorie vu Placementer, déi besser um Niveau vun extrafinanzielle Krittären (Ëmwelt, Soziaalt, Gouvernance) definéiert an encadréiert si wéi klassesch Investitiounen.

Déi verschidde Forme vun ISR

Entgéint deem, wat een denke kéint, ass de nohaltegen Investissement net nei, en huet am Laf vu senger Evolutioun verschidde Formen ugeholl. Vu sengen Ufäng als en Exklusiouns-ISR bis zu enger méi inklusiver Anlag, gouf et a gëtt et och nach – ënner anerem wéinst reglementairen Impulser – ëmmer nees nei Entwécklungen.

Den Exklusiouns-ISR

Beim Prinzip vum sozial responsabelen Exklusiouns-Investissement geet et drëm, eng schwaarz Lëscht vun Entreprisen an Aktivitéits-Secteuren opzesetzen, déi net konform zu verschiddene Wäerter sinn.

Historesch gesinn ass dat déi éischt Form vun ISR.

Hautdesdaags funktionéieren dës Exklusiouns-Fongen ëmmer nach nom nämmlechte Prinzip an erlaben Iech, Secteuren, déi aus sozialen, eetheschen an ekologesche Grënn als schiedlech ugesi ginn, ze evitéieren (wéi zum Beispill de Secteur vun de fossillen Energien).

Déi proaktiv Integratioun vun ESG-Facteure bei den Investitiouns-Entscheedungen.

Zënter den 2000er Jore ginn Entreprisen, Banken aLänner net nëmmen no reng finanzielle mä och no anere Krittäre bewäert. Ekologesch, sozial a Gouvernance Krittären (ESG) sinn nei Eegenschaften, déi bei der Analys vun hirer Attraktivitéit eng Roll spillen.

Mat der inklusiver Approche gëtt deemno versicht, déi, di manner gutt notéiert sinn, ze isoléieren, an déi Éierlech ze avantagéieren.

Dës analytesch Aarbecht berifft sech op privat extra-finanziell Notatiouns-Agencen, deenen hir Analysen op ESG-Krittäre berouen. Obwuel hir Bewäertungs-Krittären net standardiséiert sinn, beruffen si sech normalerweis op déi nämmlecht international Konventiounen, wéi d’Empfeelunge vun der UNO, der OECD an der Europäescher Gemeinschaft.

Zu Lëtzebuerg gëtt et e weidere Label, deen d’Probitéit vun de nohaltegen Investitiounsfongen op ESG-Basis nach verstäerkt: de LuxFlag Label.

De Versécherungsproduit invest4changevum Foyer krut och dëse Label, deen d’Pertinenz vun den ausgewielten Aktien an Obligatioune bestätegt.

Den Engagement vum Aktionariat

Eng lescht Form vu komplementarem ISR ass den Engagement vum Aktionariat, si erlaabt Iech, äre Pouvoir als Investisseur ze benotzen, fir d’Entscheedunge vun de Gesellschaften ze beaflossen.

Duerch d’Stëmmrecht vun den Aktionäre bei Generalversammlungen ass et méiglech, Afloss ze huelen op de Réckzuch vun Aktivitéiten oder op ëmweltschiedlech Entscheedungen vun der Gesellschaft, op Grond vun ären Iwwerzeegungen.

Ween entscheet ob eng Investitioun sozial responsabel ass?

En ISR kann ënner egal wat fir enger Form vu verschiddene Kontrollorganismen iwwerpréift ginn, an en ass obligéiert, den Impakt vun den Investitiounen zeréckzeverfollegen.

Den europäesche Reglement iwwer d’Verëffentlechung vun Informatiounen iwwer d’Nohaltegkeet vum Finanzsecteur (genannt „Règlement SFDR“) schreift de Finanzinstituter Reegele vir, wat d’Integratioun vun Nohaltegkeetskrittären an d’Berécksiichtegung vun negativen Impakter op d’Nohaltegkeet betrëfft.

Do geet riets vun enger Artikel 8 Klassifikatioun fir Fongen, déi de Fuerderunge vun der EU entspriechen.

Dëst ass de Fall fir déi zwee Fonge vum invest4change Plang, bei deenen d’Nohaltegkeet e feste Bestanddeel vun der Strategie an den Investitiounsstrategie ass.

Bei hirer Auswiel vu sozial responsabele Gesellschaften, Banken a Länner gebrauchen d’Spezialiste vum CapitalatWork Foyer Group eng Investitiounsmethodologie, déi d’Prinzippie vun Exklusioun an Inclusioun integréiert.

Déi positiv an negativ Filtere fir d’Auswiel vun den Entreprise sinn:

1. Gesellschaften, déi net konform mat den 10 Prinzippie vum Globalpakt vun de Vereenten Natiounen sinn, ginn ausgeschloss.
2. Gesellschaften aus Secteuren, déi als schiedlech ugesi ginn (Pëtrols- an Tubaksindustrie, zum Beispill) ginn och net berécksiichtegt.
3. Entreprisen, déi staark kontroverséiert sinn wéinst hirem negativen Impakt op d’Gesellschaft, d’Ëmwelt oder d’Gouvernance gëtt et och net bei ISR invest4change.
4. Déi ausgewielte Firmen sinn déi mat de beschten extrafinanzielle Resultater.

Duerno fänkt déi klassesch Finanzanalys un, dat heescht datt sozial responsabel Investitiounen deene selwechte finanzanalytesche Krittären ënnerworf ginn wéi klassesch Investitiounen. Finanzspezialiste bewäerten de Rentabilitéits- a Risiko-Facteur a wiele gesond Entreprise mat staarkem Wuesstumspotenzial aus.

Back to Top
CIM LOGO