Futtball-WMD'Party geet weider. Norwegen klappt Brasilien a steet an der 1/4-Finall

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend gouf déi nächst Aachtelsfinall tëscht Brasilien an Norwegen op der WM a Kanada, Mexiko an den USA gespillt.
Norway's players celebrate after the 2026 World Cup round of 16 football match between Brazil and Norway at the New York/New Jersey Stadium in East Rutherford on July 5, 2026.
Norway's players celebrate after the 2026 World Cup round of 16 football match between Brazil and Norway at the New York/New Jersey Stadium in East Rutherford on July 5, 2026.
© AFP

Zu New York (New Jersey) stoungen sech e Sonndeg den Owend eiser Zäit Brasilien a Norwege géigeniwwer. Am Virfeld gouf vill iwwert béid Ekippe geschwat. Zemools Norwegen hu bis ewell iwwerrascht, an eng gutt WM gespillt. Brasilien gehéiert wéi gewinnt zu de übleche Verdächtege wann ee vu WM-Favoritte schwätzt. An der 1/16-Finall huet sech Brasilien schwéier gedoen, a konnt sech a leschter Minutt mat 2:1 géint Japan duerchsetzen. Norwegen huet sech mam gläiche Resultat géint d'Elfenbeinküst duerchgesat.

No 90 intensive Minutten setzt sech um Enn Norwegen mat 2:1 géint Brasilien duerch a steet sensationell an der 1/4-Finall. Den Erling Haaland huet mat senge 2 Goler an der Schlussphase fir d'Entscheedung gesuergt. An der 1/4-Finall waart elo Mexiko oder England.

Brasilien - Norwegen 1:2

0:1 Haaland (79'), 0:2 Haaland (90'), 1:2 Neymar (90+10')

Norwegen ass mat 100 à l'heure an de Match gestart an huet no 3 Minutten dann och eng éichte Kéier markéiert. No engem Pass vum Ödegaard stoung de Sörloth awer am Abseits, sou dass säi Gol vum Arbitter huet missen zeréck gepaff ginn. Déi eicht 10 Minutten hunn den Norweger gehéiert, si hu sech reegelrecht virum Gol vun de Brasilianer konnten festsetzen. Quasi aus dem Näischt krut Brasilien an der 14. Minutt dunn een Eelefmeter gepaff. No engem Foul vum Ajer um Cunha huet den de Guimaraes Nerven vum Punkt awer net behalen. Säi Schoss sollt vum Nyland am Gol vun de Norweger paréiert ginn.

Béid Ekippen hu sech an der Suite vun der 1. Hallschent net vill geschenkt, et war een immens intensive Match, mat Chancen op béide Säiten. Op Säite vu Brasilien haten de Vinicius Junior a Guimaraes déi beschte Geleeënheeten, konnten déi awer net notzen. Norwegen hat sengersäits kuerz virun der Paus duerch den Ödegaard eng weider top Chance, den Alisson sollt awer paréieren. E Gol sollt an deenen éischten 45 Minutten awer net falen.

Nom Säitewiessel huet sech laang Zäit en identescht Bild wéi an der 1. Hallschent gewisen. Brasilien stoung immens déif an der eegener Hallschent, iwwerdeems Norweger géint eng kompakt Brasilianesch Defense keng Léisunge fonnt hunn. Em déi 60. Minutt a mat der Awiesslung vum Endrick sollt de Match awer u Schong gewannen. Endrick a Rayan hunn hier Chance verginn. Op der anerer Säit huet den Haaland de Gol nëmmen knapp verpasst, säi Schoss an der 67. Minutt sollt nëmmen hoersbreed de Gol verfeelen. 12 Minutten dorop mäscht de Stiermer vu Manchester City et besser. No enger Flank vum Schjelderup steet de Norweger an der Loft an hummert de Ball per Kapp an de Filet.

Brasilien war wuel beméit de Réckstand ze egaliséieren, gutt Chancen den Ausgläich ze realiséieren sinn awer net méi wierklech dobäi eraus gesprongen. Am Géigendeel. An der 90. Minutt suergt op e Neits den Erling Haaland fir d'Entscheedung. An der 10 Minutt vun der Nospillzäit krut Brasilien wuel nach en Eelefmeter zougesprach, deen de Neymar dann och am Filet sollt ënnerbréngen. Kuerz drop war awer Schluss zu New York. Brasilien muss d'Heemrees untrieden iwwerdeems d'Märchen vu Norwegen an eng nächste Ronn geet.

Alles ronderëm d’WM fannt Dir an eisem Futtball-WM-Dossier op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO