Sponsored Content Kennt Dir de Party Bus FIRE & EYES vun Demy Schandeler?

RTL Lëtzebuerg
De FIRE & EYES ass een Doppeldeckerbus, dee speziell ageriicht ginn ass, fir Evenementer ze organiséieren.

Et ass en originellt an innovatiivt Konzept, dat Iech erméiglecht, an Ärer Privat-Lounge bei engem Cocktail ze entspanen oder an Ärer Disco ze feieren an dat andeem Dir iwwer d‘Stroosse vu Lëtzebuerg an der Groussregioun fuert! Mat sengen zwee Niveauen ass de FIRE & EYES déi ideal Plaz, fir eng Soirée ënner Kolleegen, een Afterwork, ee Gebuertsdag, eng Hochzäit oder eng Bachelor-Party ze organiséieren. De FIRE & EYES versprécht een eenzegaartegt Erliefnes!

De Party Bus FIRE & EYES vun Demy Schandeler krut en neie Look an en neit Konzept fir 2022!

Um éischte Stack huet Demy Schandeler eng nei Lounge mat bequeeme Fotellen an nidderegen Design-Dëscher installéiert. Um ënneschten Niveau huet de FIRE & EYES eng zweet modern Lounge an eng equipéiert Bar, an dëser eng Hostess sech wärend der Faart ëm de Catering bekëmmert.

De Bus krut och eng nei Ambiance-Beliichtung, ee performante Sound-System a connectéiert Flatscreens. D‘Musek ka bequeem mam Handy iwwer Bluetooth gesteiert ginn oder mat engem USB-Stick direkt un der Anlag. Ganz beléift ass och den decapotabelen Dag vum Bus, well am Summer ass de FIRE & EYES als Kabrio ënnerwee! Fir dem Client d‘Fräiheet ze loossen, ze decidéieren, wou de Bus soll hifueren, kënnen d’Route an d‘Destinatioun fräi no Wonsch gewielt ginn.

Am FIRE & EYES fannt Dir een exzeptionelle Kader, fir ee flott Event ze organiséieren a sech eemol richteg gutt ze ameséieren!

Méi Informatiounen iwwer de FIRE & EYES fannt Dir op der Websäit oder kontaktéiert eist Team:

locationbus@demy.lu |  300146-30.

Back to Top
CIM LOGO