
Um Parking "Laduno" hu sech der Police no zwou Persounen als Parkingsresponsabel ausginn a vun Automobilisten, déi do parke wollten, Fraise gefrot, obwuel si net dozou berechtegt waren.
An deem Kontext sicht d'Police elo no Automobilisten, déi Affer vun dësem Bedruch gi sinn. Dës si gebieden, sech beim Policebüro Dikrech/Veianen ze mellen, per Telefon op der Nummer (+352) 244 80 1000 oder per Mail u police.diekirchvianden@police.etat.lu.
De Parking "Laduno" ass gratis a kann als Park & Ride genotzt ginn, fir mat der Navette op d'Ettelbrécker Foire agricole ze kommen.