D'Police weist an engem Communiqué drop hin, datt dës Mailen oder Bréiwer net vun hir kommen an et sech deemno ëm eng Arnaque handelt. Opfuerderungen an dëse Messagë sollt een dowéinst och op kee Fall nokommen an dës ignoréieren oder läschen. Onéierlecher géifen op dës Aart a Weis versichen, u perséinlech Donnéeë vun hiren Affer ze kommen, wéi Passwierder oder Bankdonnéeën.
Generell weist d'Police drop hin, datt:
- een all E-Mailen oder Bréiwer, déi engem verdächteg virkommen, ignoréiere soll
- een d'Police kontaktéiere soll wann ee sech net sécher ass, ob e Schreiwes echt ass oder net
- een de Contenu genee kucke soll, vue datt vill Schreiffeeler meeschtens en Indice op eng Arnaque sinn
- een ni op Linke klicke soll, déi an esou Mailen dra sinn an och keng Attachementer opmaache soll
- een ni sensibel Donnéeën nimools iwwer Mail oder Online-Messaging-Servicer iwwerdroe soll
- een e Virgang, wann een amgaangen ass an Zweiwel kritt, ofbrieche soll
Och soll ee seng eeler Matmënschen iwwer esou Arnaquen opklären an informéieren. Wien Affer vun engem Bedruch ginn ass, ka sech bei der Police mellen.
Bréiwer wéi déi heiten, déi am Numm vun der Police verschéckt ginn, si gefälscht © Police Lëtzebuerg
Bréiwer wéi déi heiten, déi am Numm vun der Police verschéckt ginn, si gefälscht © Police Lëtzebuerg
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.