Sponsored ContentMythen & Fakten: Wäermepompelen a Bestandsgebaier

RTL Lëtzebuerg

Virum Hannergrond vu Klimaschutz an Energieeffizienz spillen d'Wäermepompelen eng ëmmer méi wichteg Roll als Léisung fir d'Hëtzen vu bestoende Gebaier. Trotz hirem immensen Energiespuerpotenzial, zirkuléiere vill Mythen a Falschinformatioune ronderëm den Asaz vun dëser Zukunftstechnologie a bestoenden Haiser.

Aus deene Grënn wëllen déi dräi Lëtzebuerger Naturparken zesumme mat der Klima-Agence an dem Energie- a Landesplanungsministère mat enger Informatiounscampagne opklären.

Op dräi Informatiounsowenter kënnen sech interesséiert Bierger iwwert dësen aktuelle Sujet informéieren:

  • Méindes, den 13. November 2023 um 19 Auer zu Nacher (1, um Knupp L-9674 Nocher)
  • Méindes, den 20. November 2023 um 19 Auer zu Baërtref (Centre Culturel „A Schmadds“ 27-29, rue d'Echternach L-6550 Berdorf)
  • Dënschdes, den 21. November 2023 um 19 Auer zu Housen (9, op der Héi L-9809 Hosingen)

D'Informatiounsowenter sinn op Lëtzebuergesch. Et kann een einfach esou laanschtkommen, ouni Umeldung.

Doriwwer eraus ginn an der folgender Videoserie déi heefegst Virurteeler vis à vis vu Wäermepompelen opgegraff an erkläert, wat dohannert stécht:

Back to Top
CIM LOGO