Sponsored ContentOpen Air Kino Sommertournée duerch d’Gemeng Cliärref

RTL Lëtzebuerg

De Service City Management vun der Gemeng Cliärref invitéiert Iech op den Open Air Kino Summer Tour. Zesumme mam Ciné Orion vun Ëlwen an dem Ciné Sura vun Iechternach kënnt  Dir Kino Highlights ënner fräiem Himmel an enger entspaanter Atmosphär genéissen an dëst op sechs verschiddene Plazen op zwee Weekender am August.

D'Plaze si limitéiert op 50 Leit. Kaaft Ären Ticket iwwer www.orion.lu a séchert Iech elo Äre Kinosëtz. Dir kënnt nëmmen an d’Kinosarena mat engem gültegen Ticket erakommen. Dëse gëtt Iech per E-Mail geschéckt. All Owend ënnerläit dem Covid-Check-System.

D'Open-Air Kuliss erwaart Iech de Weekend vum 13., 14. a 15. August an den 20., 21. an 22. August vun 21:00 Auer un. D’Filmer starten um 22 Auer.

Hei de Programm, d’Ortschaften an d’Filmer:

Freideg, 13. August
Kinoarena um Parking vum Truckcenter Gulf zu Maarnech
Film: Le Mans 66 Ford v. Ferrari “Gegen jede Chance“ – VA

Samschdeg, 14. August
Kinoarena bei de Siloen Ourdaller S.C. zu Kaalber
Film:  Tom & Jerry - VA

Sonndeg, 15. August
Kinoarena um Parking Klatzewee zu Cliärref
Film:  The Green Knight – VO English

Freideg, 20. August
Kinoarena op der Duerfplaz zu Wäicherdang
Film: Cash Truck - Wrath of Man – VO English (st FR-NL)

Samschdeg, 21. August
Kinoarena um Parking vum Centre Culturel zu Léiler
Film: Pinocchio - VF

Sonndeg, 22. August
Kinoarena um Parking vum Camping Reilerweier zu Reiler
Film: The Father - VO English

Weider Informatiounen fannt Dir op www.clervaux.lu

Back to Top
CIM LOGO