
An de leschten Deeg hu verschidde Gemengen hir Bierger informéiert, dass an hire Gemenge militäresch Übunge vun der Lëtzebuerger Arméi wieren.
E Mëttwoch de Moien hu mir en Deel vun enger Übung am Raum Bettenduerf kënne begleeden. Well sech esou Exercicer am ëffentleche Raum ofspillen, gëtt d'Gemeng am Virfeld vun der Arméi informéiert. Bei esou Exercicer géif een och ëmmer nees op Zivilisten treffen oder wéi dee Moien och duerch Uertschafte goen.
"Mir probéieren ëmmer fein a frëndlech ze sinn an direkt ze erklären, datt et en Exercice ass an näischt Schlëmmes geschitt ass. Natierlech probéiere mir och, d'Leit esou wéineg wéi méiglech an hirem Alldag ze nerven."

Mat dobäi waren och sechs CLRV-Gefierer (Command Liaison and Reconnaissance Vehicle). De Fokus vun dësem Exercice war d'Observatioun, d'Infiltratioun, d'taktescht Deplacéieren an d'Anhuele vu Positiounen, sou d'Informatioune vum Presse-Service vun der Arméi.

Fir e Kaperol Éischt Klass, deen RTL en Interview ginn huet, sinn esou Exercicer ganz wichteg. Ënnert anerem fir Leit a Material ze testen an och fir ze kucken, wéi ee besser kann zesummeschaffen. Um Mëttwochmoien hunn zwee Zaldote sech Richtung Bréck zu Bettenduerf gemaach, mat follgendem Zil:
"Mir sinn déi éischt Elementer, déi an de feindleche Linnen ënnerwee sinn. Mir klären d'Weeër op, fir ze kucken, ob se iwwerhaapt praktikabel si fir déi schwéier Infanterie, an natierlech och, ob schonn en Enemy an der Zone ass."
Méi Detailer zu dësem Deel vum Exercice gëtt et am Video.
Bei esou engem Exercice wëssen d’Zaldoten net direkt, wat op se duerkënnt. Wärend eng Ekipp aus engem Observatiounspunkt eraus en Objektiv iwwerwaacht huet, hunn aner Zaldote sech mat hire Gefierer am Bësch verstoppt an op nei Uweisunge gewaart. Parallel dozou huet eng aner Ekipp de Géigner simuléiert.
"Mir wëssen de Gros, wat de Sënn an Zweck vum Exercice ass. Mee wat genee op eis duerkënnt, wësse mir net. Mir musse just dat maachen, wat mir geléiert hunn."
Nom Ofschloss gëtt den Exercice am Detail analyséiert. D'Zil wier et, aus de Feeler ze léieren an déi am Eeschtfall net méi ze maachen.
