An der Salle d'attente vun den Urgencen an der Kannerklinik steet zanter kuerzem eng vun de 15 Klima-Anlagen, déi d'Direktioun vun der Santé elo no der Canicule fir jiddwer Akutspidol bestelle konnt. D'Kill-Plaffongen am der Kannerklinik ware bei der Afenhëtzt net duer gaangen. A verschiddene Raim goufe wärend der Canicule Enn Juni Temperature vu bis zu 28 Grad gemooss ginn, seet d’Zoé Kabanda, Responsabel vun den Urgencen an der Kannerklinik. Am CHL goufen a verschiddene Patientenzëmmeren iwwer 30 Grad gemooss. Trotzdeem hätt een d'Situatioun ouni gréisser Problemer kënne meeschteren, erkläert d'Directrice vum Spidol, d’Dr Martine Goergen. “Et war wierklech haart, et war waarm, mee mir hunn et awer relativ gutt gemeeschtert an ech wëll och dem Personal wierklech ganz vill Merci soen, well mir hunn elo net gemierkt, dass Absencen do waren. D‘Urgencë ware gutt gefëllt, d‘Spidol war och gutt gefëllt, mee mir haten elo keng Surmortalitéit, net méi Leit déi un oder duerch d‘Canicule gestuerwe sinn, wéi am Normalfall.“
Nach virun der Canicule hat de CHL Ventilatoren opgestockt, esou datt op d’mannst een an all Patienten-Zëmmer ass. Jidder Zëmmer mat enger Klima-Anlag ekipéieren, wär net méiglech. Well de CHL en aalt Gebai ass, misst een oppassen, datt kee Kondenswaasser entstéing an duerno Schimmel kéim. Dat wär och net gutt fir d’Gesondheet, ënnersträicht d’Dr Goergen. 2029 soll de Centre Hospitalier an der Stad souwisou a säin neit Gebai plënneren. Dat wär gutt isoléiert. “Och d'Fënster, d'Liicht-Afale vun der Sonn ass reduzéiert ginn, esou dass mer einfach probéieren, mol éischtens manner Wäermt eranzekréien an all Zëmmer huet do awer dann e ‘Plafond refroidissant’, dee bis zu fënnefandrësseg Grad geet.”
Ma bis dohinner brauch de CHL op d’mannst 60 zousätzlech Klima-Anlagen. Déi 15, déi d’Spidol elo krut, goufe prioritär verdeelt tëscht Servicer, wou et am wäermste war – oft an de méi héijen Etagen – oder an der Chimiotherapie beispillsweis, do wou vulnerabel Patiente sinn. Grad wéi an de Salle d’attenten an den Urgencen, wou vill Leit sech beieneen ophalen.
De Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch hat sech scho virun der Pandemie eng Rei Klima-Anlagen zougeluecht. Déi zousätzlech si wëllkomm. Besonnesch op den héijen Etage sti se an de Gäng. An enger Rei Zëmmere sti Ventilatoren.
Och de CHEM soll jo mam Südspidol een neit Gebai kréien. Ma bis et steet, dierften nach eng Rei Jore vergoen. Déi al CHEM Gebaier zu Esch misste bis dohinner besser géint d’Hëtzt ekipéiert ginn, seet den Directeur médical Dr Romain Schockmel. “Hei geet et wierklech drëm, d'Erneierung vun Infrastrukturen iwwer Kanalisatiounen, iwwer aner System, Rechauffementer, alles dat, wat d'Baulechkeeten noutwendeg maachen, fir e Milieu hei ze kreéieren, wat Patiente gerecht ass.” Virop de Kill-System misst iwwerschafft ginn.

Dernieft bräicht de CHEM awer och méi Personal fir déi méi uerg Hëtzt-Phasen. Dat ass d’Erkenntnis aus der leschter Hëtztwell. Déi Responsabel am CHEM waren ugewisen op d’Solidaritéit vum Gesondheetspersonal. Vill Mataarbechter hätte sech fräiwëlleg gemellt, fir och ausserhalb vun hire Schichten ze hëllefen. Doriwwer ass een dankbar. Léisungsusätz fir an ugespaante Momenter op Personal-Engpäss ze reagéieren, liwwert d’Covid-Pandemie. “Hei ass e bëssen en änleche Fall, wou mer kënne ganz schnell ëmsetzen, fir zousätzlech Personal ze kréien, an do sinn erëm Sujeten op d'Tapéit komm, wéi eng Reserve sanitaire an och aner Méiglechkeeten, déi do wären, fir kuerzfristeg Personal, qualifizéiert Personal zur Verfügung ze kréien”, esou den Dr Schockmel.
Well den zweete Weekend vun der Canicule Enn Juni wären 20-30% méi Patienten an d'Urgence komm. Net just eeler Leit, déi eleng liewen, mee och vill Jonker, déi en Hëtzschlag wärend dem Sport kritt hätten, bedauert de Responsabel vun den Urgencen, den Dr Patrick Nrecaj. “Ce qui était un peu regrettable, beaucoup d'activités sportives, en club et autres, ont été maintenues pendant la canicule, ça nous a aussi impacté.”
Mat engem un d’Hëtztwell ugepasste Verhale kënnen och d’Leit hëllefen, d’Spideeler ze entlaaschten.