
Der Police gouf en Dënschdeg den Owend géint 22:30 Auer en Auto an der Rue d'Epernay an der Stad gemellt, dee brenne géing. Wéi d'Police schreift, hätt ee Sécherheetsmataarbechter gesinn, wéi eng Persoun e Géigestand un engem Pneu ubruecht an dësen dono a Brand gesat huet, éier hien a Richtung Gare geflücht ass.
Wéi d'Polizisten op der Plaz ukoumen, stoung de viischte rietsen Deel souwéi Deeler vum Motor schonn a Flamen. D'Beamte konnten de Brand mat engem Feierläscher fir d'éischt andämmen, éier d'Pompjeeën ukoumen, déi de Motor ganz geläscht hunn. Blesséiert gouf keen.
De Verdächtege konnt kuerz drop am Beräich vun der Place de la Gare ugetraff a festgeholl ginn. De Briquet, deen de Mann bei sech hat, gouf saiséiert.