
D'Liewen ass wäertvollt, mee et kënnt een net derlaanscht, och un d'Enn vu sengem Liewen ze denken, och wann déi Phas nach wäit ewech ze si schéngt. An awer ass et néideg sech op dësen onverhënnerbare Moment virzebereeden an un en Enn mat Dignitéit ze denken. Hei kënnt d'Associatioun „Mäi Wëllen, Mäi Wee“ an d'Spill. Dës Associatioun ass zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn a widmet sech der Promotioun vum Recht op Stierwen an Dignitéit.
Firwat soll een säin Enn vum Liewen elo scho plangen? Am Liewe begéint ee villen Onsécherheeten, mee et kann een seng Zukunft beschtméiglech plangen, och wann et ëm den Doud geet. D'Enn vum Liewe plangen erlaabt engem, säi Choix ze kontrolléieren, an all d'Chancen op senger Säit ze hunn, fir dass engem seng Wënsch respektéiert ginn, och wann et net méi méiglech ass, déi Wënsch auszedrécken. Seng Bestëmmungen zum Liewensenn festzehalen, zum Beispill a Form vun engem Testament oder enger Patienteverfügung, hëlleft engem, säi Wonsch ze definéiere fir alles wat medezinesch Traitementer, liewensverlängerend Moossnamen an aner wichteg Entscheedungen ugeet. An dës Bestëmmunge ginn engem och d'Méiglechkeet eng Stierfhëllef unzefroen, fir deen Dag wou een sech an engem irreversibele Koma rëmfënnt.
D'Associatioun „Mäi Wëllen, Mäi Wee“ ass den Haapt-Acteur fir d'Promotioun fir d'Recht op Stierwen an Dignitéit. D'Associatioun gouf vun e puer engagéierte Bierger gegrënnt, fir de Public op dat Theema an déi domat verbonne Froen ze sensibiliséieren a fir oppen Diskussiounen iwwert dee Sujet, dee mat engem Tabu verbonnen ass, ze lancéieren. „Mäi Wëllen, Mäi Wee“ bitt gratis rechtlech a medezinesch Informatiounen zur Stierfhëllef duerch hire Service S.E.A (Service d'Ecoute et d'Accompagnement), souwéi och Hëllef a Berodung beim Opsetze vun de Bestëmmungen zum Liewensenn.

Et ass wichteg seng Bestëmmungen zum Liewensenn opzesetze wann een nach bei gudder Gesondheet ass an amstand ass, seng Decisioune kloer ze huelen. Duerch dat preziist Ausdrécke vu sengem Wëllen, kann een all Onkloerheeten aus dem Wee goen, an domat senger Famill d'Responsabilitéit fir wichteg Entscheedungen an enger schwiereger Situatioun ofhuelen. Déi Bestëmmunge garantéieren, dass d'Dignitéit an d'Autonomie vun der betraffener Persoun bis zum Schluss respektéiert ginn.

Et kéint ee mengen, datt et komplex wier seng Bestëmmungen zum Liewensenn festzehalen, mee d'Associatioun „Mäi Wëllen, Mäi Wee“ ass dofir do, fir beim Ausfëlle vun de Pabeieren ze hëllefen. Hiert Personal informéiert a gëtt de Leit wichteg Rotschléi fir hire Wonsch fir d'Enn vum Liewen ze verfaassen. Et soll een sech Zäit huelen, fir iwwert seng Valeuren, säi Glawen an seng perséinlech Virstellungen nozedenken, fir dann seng Bestëmmunge festzehalen, déi dann déi Wënsch an Iwwerzeegunge erëmspigelen.
D'Associatioun „Mäi Wëllen, Mäi Wee“ schafft all Dag drun, d'Recht fir e Wierdegt Stierwen duerchzesetzen, an encouragéiert jiddereen, seng Bestëmmungen zum Liewensenn och mat Zäit festzehalen, soulaang een nach bei gudder Gesondheet ass. Mat dëser Initiativ stellt ee sécher, dass seng lescht Wënsch och respektéiert ginn, och wann een net méi selwer sech ausdrécke kann. Zéckt net d'Associatioun no weideren Informatiounen ze froen, an Iech mat hinnen zesummen duerch dëse Prozess begleeden ze loossen. Zesumme brénge mir et fäerdeg, dass d'Dignitéit an d'Autonomie bestoe bleiwe bis zum Schluss. D'Rendez-vousen si gratis. D'Ekipp vun „Mäi Wëllen, Mäi Wee“ empfänkt Iech op RDV op der Adress: 1b, rue Thomas Edison zu Stroossen (um 4te Stack) an si kënnen och bei d'Leit heemkommen, wann een net méi esou mobil ass fir sech ze deplacéieren. Fir weider Informatiounen, kuckt op den Internetsite www.mwmw.lu oder rufft un op der Nummer: 26 59 04 82 61
Dir fannt d'Associatioun ausserdem och op Facebook an op Instagram.