
Dat ach sou léift Kand verwandelt sech an en Puberdéier. D'Kand wennt sech vun den Elteren of, et lauschtert einfach net méi no. Dat äusserlecht Erscheinungsbild huet sech och verännert, déi léif Duechter erschéngt elo an engem bal ladylike'en Erscheinungsbild, wären do net di gefierften Hoer an di liicht ze kuerz Jupe. Op eemol interesséiert et sech manner fir seng Poppen a méi fir Jongen. Wien denkt et domat schlecht getraff ze hunn, kann sech glécklech schätze kee Jong ze hunn. Dat lescht Gespréich iwwert Dësch war viru laanger Zäit, elo sëtzt hien ëmmer um Dësch mat sengem Kapp no ënnen an kuckt op säin Handy. Déi gutt gemengte Rotschléi vun den Eltere ginn als oncool ofgestempelt, déi verstinn hie jo souwisou net. Ob Jong oder Meedchen, d'Eltere kéinte gutt op d'Pubertéit verzichten, oder vläicht awer net?
Fir vill Eltere gëtt d'Thema Pubertéit vu gemëschte Gefiller begleet. Dir sidd méi wéi eemol scho gewarnt gi wéi ustrengend e pubertéierenden Teenager wäert sinn. Dësen allgemengen Androck ass haaptsächlech doduerch entstanen, datt schwiereg Jugendlecher vill Opmierksamkeet unzéien. Dës Fäll ginn nach vill Joer dono diskutéiert, et ass een dankbar datt d'Pubertéit endlech eriwwer ass. Wéi d'Pubertéit schlussendlech verleeft, ënnerscheet sech awer vun Teenager zu Teenager. Net all Jugendleche geet duerch eng ustrengend Pubertéit.
Pubertéit heescht Verännerung. Wéi ginn ech mat engem pubertéierenden Teenager em? Wéi eng Auswierkungen huet d'Pubertéit op d'Familljeliewen? Wéi eng Theme musse mat de Jugendlechen diskutéiert ginn? Dëst sinn nëmmen e puer vun de Froen, déi d'Eltere beschäftegen. Et gëtt keng Modelléisung dofir, well all jonk Persoun anescht ass. Et ass wichteg si z'ënnerstëtzen, hinnen awer nach genuch Fräiheet ze ginn. Si och ze luewen, well déi, déi am meeschte mat den Ännerungen ze kämpfen hunn, sinn d'Teenager selwer. Hire Kierper verännert sech, Meedercher ginn zu Fraen, Jongen zu Männer. Et ass wichteg de richtegen Ëmgang ze fannen, eng Gratwanderung tëscht Selbst-Entdeckung an Identitéitskris. Jonk Leit erliewen Drock vun hire Kolleegen, si stellen d'Wäerter an Norme vun hiren Elteren a Fro a probéieren hir eege Perséinlechkeet, hiren eegene Wee an hiert eegent Weltbild ze fannen. Et gëtt och e mentale Changement, de Verstand gëtt méi schaarfsënneg, nei Interessen entstinn. Si fänken un, d'Welt an engem anere Liicht ze gesinn. Mat den nei gewonnene Fäegkeete gi se op d'Sich nom neie Selbst, awer och no hiren eegene Grenzen.
Et ass schwiereg fir sech komplett op d'Pubertéit ze preparéieren, well se e puer Iwwerraschunge mat sech bréngt. Et kann een sech awer am Viraus doriwwer informéieren. An obwuel sech vill Eltere bewosst sinn, dass d'Pubertéit wäert kommen, gëtt de Gedanken dacks verdrängt. Elteren halen um Gedanke fest vu Kanner déi mat Bewonnerung zu hinnen eropkucken, déi dankbar hire Rot acceptéieren an déi ëmmer nach vun hiren Elteren ofhänken. Dorun ass och näischt falsch. D'Pubertéit fänkt a verschiddene Fäll an der Mëtt vun der Kandheet un. Laut Nitsch, Beil & von Schelling (1995), kann d'Pubertéit bei Meedercher am Alter vun 10 bis 11 Joer ufänken. Aner Quellen, wéi Wikipedia, gesinn den Ufank vun der Pubertéit am Alter vun 8 bis 9 Joer. Bei Jonge fänkt d'Pubertéit normalerweis e bësse méi spéit un. Dës Informatioun ass eng Richtlinn, verschiddener starte méi fréi, anerer méi spéit. Mat dësem Wëssen ass e wichtegen Deel vun der Virbereedung als Elterendeel scho gemaach.
Schlussendlech geschitt vill an der Pubertéit. Äert Kand räift zu engem jonken Erwuessenen erun, et entwéckelt nei Interessen, et wäert seng éischt Libesbezéiungen erliewen. Et ginn och Ännerunge fir Iech als Elterendeel: Äert Kand entwéckelt seng eegen Identitéit, et mëscht seng eegen Erfarungen, et gëtt méi onofhängeg. Et wäerte Situatioune kommen, déi Iech testen. Dir wëllt Äert Kand ënnerstëtzen, awer him och déi néideg Fräiheet ginn. Dir erlieft intern Konflikter. Dir wëllt Äert Kand schützen, awer et muss och seng eegen Erfarungen maachen. Et gëtt keng Model Léisung, well all Famill anescht ass.
D'Pubertéit vun den eegene Kanner a vill aner Themen maachen den Eltere Suergen; si fillen sech erausgefuerdert, heiansdo iwwerfuerdert. Si wënschen sech Hëllef an Ënnerstëtzung - an dat ass OK!
Den Elterentelefon 26 64 05 55 bitt Berodung, Informatioun an Orientéierung. D'Offer ass anonym a vertraulech. Dir sidd hei ëmmer wëllkomm wann d'Verännerungen, déi mat der Pubertéit anhir ginn, Iech besuergt, bedréckt, iwwerfuerdert oder wann Dir Froen zu dësem an aneren Themen hutt. Speziell ausgebilte Beroder kënnen Iech ënnerstëtzen a beroden an Iech, wann néideg, déi relevant Berodungszenteren nennen.
Mir si vu Méindes bis Freides vun 9.00 bis 12.00 Auer a Mëttwochs owes vu 17.00 bis 20.00 Auer ënner der Nummer 26 64 05 55 fir Iech do.