
Den Charlie (15) schléift am Moment vill a laang. Hie verkraucht sech a senger Kummer an der Woch an och souguer de Weekend. Aktivitéite seet en of: „ech sinn ze midd“, „ech hu kee Bock“. D‘Sophie (14) klot dauernd iwwer Bauchwéi, iwwer ze vill Drock an der Schoul. Hatt verbréngt vill Zäit a senger Kummer, sëtzt stonnelaang bei sengen Hausaufgaben a wierkt nervös a gestresst. D‘Sophie explodéiert reegelméisseg, zemools, wann et ëm Familljenaktivitéite geet: „och dat nach“, „loosst mech dach einfach all mat Rou“. D‘Lea (14) fënnt sech ze déck, hatt huet säi Kierper net gär. D’Lea mécht immens vill Sport, vermeit Kalorien an och ëmmer mi dacks di gemeinsam Moolzechte mat der Famill well et angeblech scho giess hätt.
All Eltere maachen sech an der Pubertéit zäitweis grouss Suergen ëm hir Kanner. Problematesch Verhalensweisen si keng Ausnam, mee se gehéieren zur Normalitéit. Erwuesse ginn ass net einfach. Fir vill Kanner fänkt scho mat 11 Joer eng Achterbunn vu Gefiller un. Nieft de kierperleche Verännerunge mussen och emotional a sozial Aufgabe bewältegt ginn: autonom ginn, Verantwortung iwwerhuelen, sech ofnuebelen, Grenzen austesten, sech verléiwen, Trennunge meeschteren an nach villes méi. Fir vill Jugendlecher ass dat eng enorm Erausfuerderung. An der Pubertéit an den doraus entstoende Veronsécherunge kënne psychesch Opfällegkeeten optrieden.
Fir Elteren ass et net einfach ze ënnerscheeden, ob Verhalensverännerungen, wéi z. B. an den uewe genannte Beispiller just eng Phase vun der Pubertéit sinn, oder ob et sech ëm Warnzeechen handelt, bei deenen d’Elteren opmierksam sollte ginn.
Wichteg Unzeeche fir eng Aschätzung, ob et sech ëm eng psychesch Erkrankung handelt ass d’Dauer vun der Verhalensverännerung. Eltere sollten sech froen, firwat sinn ech besuergt a wéi laang beobachten ech dat Verhale schonn? Wann een opfällegt a verännert Verhale méi wéi 2 Wochen unhält, soll der op alle Fall mat ärem Kand iwwert är Beobachtungen an är Suerge schwätzen. Gitt zesumme mat ärem Kand bei en Dokter oder eng Doktesch, bei ë Psycholog*in, en Psychotherapeut*in. Et ka sinn, dass Verännerunge ganz normal Ausprägunge vun der Pubertéit sinn, si kënnen awer och op psychesch Stéierungen hindeiten, déi behandelt musse ginn.
Fir d’Waardezäiten ze iwwerbrécken, awer och, fir dass äert Kand eng neutral Platz huet, wou et sech zu all Moment ganz onkomplizéiert kann hiwennen an Ënnerstëtzung an Orientéierung fënnt, gitt ärem Kand d’Kontakter vum KJT: entweder den „1 1 6 1 1 1 Kanner-Jugendtelefon“ , eis „Online Help“ oder eis „peer-to-peer live Chatberodung“, erreechbar iwwer www.kjt.lu. De Kontakt as direkt, anonym a vertraulech.

Villäicht hunn aner Bezuchspersoune vun ärem Kand wéi d’Grousselteren, en Erzéier, de Schoulmeeschter oder d’Joffer, ë Betreier, dës Verännerung och scho bemierkt oder si besuergt? Huelt dës Signaler an Hiweiser eescht. Aner Leit beobachten äert Kand dacks anescht oder si gesinn äert Kand net esou dacks, esou dass Verännerungen hinnen éischter opfalen.
Déi folgend Unzeeche kënne Warnzeeche fir eng psychesch Erkrankung sinn: sech zréckzéien, Angscht, niddergeschloe sinn, keng Energie méi hunn, keng Loscht op dat wat soss Spaass mécht, méi reizbar sin, Schwieregkeeten sech ze konzentréieren, Leeschtungsstéierungen, Schlofproblemer, reegelméisseg Kapp- oder Bauchwéi oder aner kierperlech Beschwieren, Verännerunge vun den Iessgewunnechten a Gewiichtsverännerungen, méi ë schwaacht Selbstwäertgefill, Scholdgefiller an d’Gefill näischt wäert ze sinn, negativ a pessimistesch Zukunftsperspektiven, ëmmer erëm kommend Gedanken un den Doud, Suizidgedanken, sech selwer verletzen oder de Versuch sech d’Liewen ze huelen.
Hei ë puer hëllefräich Tipps (inspiréiert vum Christine Nevermann, 2009): akzeptéiert d’Gefiller vun ärem Kand. Sidd do fir äert Kand. Notzt déi gemeinsam Zäit a schwätzt mateneen. Verstäerkt all positiivt Verhalen. Ënnerhuelt zesummen eppes Flottes, Entspaantes, Erfreeleches. Probéiert äert Kand ze motivéieren aus senger Kummer eraus ze kommen a sozial Kontakter ze fleegen. Suergt dofir, dass äert Kand sech genuch beweegt. Schlot ärem Kand vir seng Gedanken opzeschreiwen oder ze molen. Schaaft eng waarm an angeneem Atmosphär an ärer Famill. Kritiséiert manner. Maacht äert Kand méi staark andeems dir et lueft an unerkennt. Suergt fir Erfollegserliefnisser, déi d‘Seltbstwertgefill vun ärem Kand stäerken. Ignoréiert op kee Fall Dreeungen oder Aussoen sech d’Liewe wëllen ze huelen. Passt dorop op, dass et iech gutt geet. Huelt dës Kris als Chance fir eng Verännerung.
Eltere sinn, ass wonnerschéin, heiansdo awer net einfach. Wann dir onsécher sidd, wann der Froen hutt oder einfach nëmmen ee braucht fir ze schwätzen, da si mir, den Elterentelefon fir iech do. Vuméindes bis freides vun 9 bis 12 Auer a mëttwochs vu 17 bis 20 Auer. Rufft eis un: 26 64 05 55 oder kuckt op eiser Websäit www.kjt.lu.