
En Donneschdeg huet de Parquet eng Rei Prezisiounen iwwert d'Decouverte vun enger Läich an engem Haus zu Märel ginn. E Sonndeg, den 28. Juni war hei e 27 Joer ale Mann dout an engem Haus zu Märel fonnt ginn. Wéi de Parquet matdeelt, war de Mann, dee gestuerwen ass, Belsch. De presuméierten Täter, e Fransous, huet mat sengem Papp an der Rue Saint-Gengoul zu Märel gewunnt.
Wéi et heescht, hätt de franséische Staatsbierger, deen och 27 Joer al ass, d'Affer virun der eegener Wunneng getraff. Hei hätt de Mann dat belscht Affer invitéiert, mat him bei sech doheem eppes z'iessen. Et gëtt kee weidere Lien tëscht Täter an Affer virun dëser Renconter vun e Sonndeg, präziséiert de Parquet.
Wärend dësem Iessen huet dunn de presuméierten Täter aus ongekläerte Grënn e Messer geholl, säi Gaascht attackéiert an déidlech blesséiert. De 27 Joer ale franséische Staatsbierger gouf festgeholl a sëtzt elo an Untersuchungshaft.
Verschidden Expertise lafen, ënner anerem psychiatresch Analysen. Bis ewell géif et keng Indicë ginn, datt et vum Affer eng Infraktioun gouf. Zu Märel an der Rue Saint-Gengoul war e Sonndeg den Owend d'Läich vun engem 27 Joer ale Mann fonnt ginn.
De Parquet preziséiert wéi ëmmer, dass d'Présomption d'innocence bis zu engem Urteel gëllt.