111 Patientinnen a Patiente sinn 2025 am Haus Omega begleet ginn. Am Verglach zu de Jore virdru wiere méi Patientinnen a Patienten tëschent 31 a 60 Joer opgeholl ginn. Knapp 1.300 Persounen hu vum Berodungsservice profitéiert, dovunner ronn en Drëttel Kanner. Et wier ganz wichteg mat Kanner ze schwätzen, esou d'Direktesch vun Omega 90 Nicole Weis-Liefgen.
"Si maache sech e Film aus deem, wat si matkréien. An deen ass leider oft méi schlëmm, wéi dat, wat wierklech passéiert ass. Bei de Kanner, an heiansdo och nach bei de Jugendlechen, kënnt nach dobäi, dass si hir Elteren an hiren Elterendeel, deen nach iwwereg ass, net nach méi traureg maache wëllen."
9,1 Milliounen Euro goufen zejoert an d'Servicer vun der asbl Omega 90 investéiert. De Gros dovunner vun der CNS an dem Familljeministère, awer och 9 Prozent iwwer Donen, esou den Direkter Fabian Weiser.
"Dat ass haaptsächlech fir méi Personal soignant ze bezuelen, well déi Dotatioun, déi mer vun der CNS kréien, eiser Meenung no net duer geet, fir eng qualitativ Aarbecht beim Patient ze bréngen."
An enger Debatt an der Chamber gouf am Abrëll iwwert d'Stierfhëllef an d'Palliativversuergung diskutéiert a festgehalen, dass méi misst informéiert ginn. Aus esou Diskussioune misst een d'Emotiounen eraushalen a Fachleit zu Wuert komme loossen, fënnt d'Presidentin vun Omega 90 Diane Duhr.
"Da kann ee sech och fir sech selwer ëmmer besser e Bild maachen, wann een informéiert ass. Mee nëmmen emotional seng Gefiller do äusseren, dat bréngt d'Gesellschaft dann awer net weider. Awer geschwat soll driwwer ginn, also wa mer dat ëmmer nëmmen ënnert den Teppech kieren, da komme mer och net virun."
Am Géigesaz zu Frankräich, wou et jo Schwieregkeete beim Ëmsetze vum Euthanasiegesetz gouf, hätt een zu Lëtzebuerg e ganz gutt Palliativgesetz, esou d’Direktesch Nicole Weis-Liefgen.
“Eigentlech déi meescht Länner hunn net esou e gutt Palliativgesetz wéi mir. Eist Palliativgesetz gesäit ebe vir, dass ee keng liewensverlängerent Moossname muss maachen. A wéi sollen d'Leit da stierwen, wann een ëmmer erëm liewensverlängerent Moossname mécht, also wann een dat net muss maachen, kënnen d'Leit jo och méi liicht stierwen. Wann ech natierlech den Dokter dozou zwénge praktesch, dass en ëmmer muss weider maachen, da schafen ech Problemer, déi ech soss net hätt.”