
Des aussergewéinlech Situatioun verlaangt d’Mobilisatioun vu jidderengem. Esou ass et dem Shopping Center Cloche d’Or gelongen, e Konzept op d’Been ze stellen, dat senge Client’en sécher Akeef garantéiert.
Dëst fortschrëttlechTechnologie erlaabt et, d’Client‘en bei der zougeloossener Maximalzuel ze halen an de Shopping Center zu all Zäit ënner Kontroll ze hunn. De Client selwer gëtt direkt am Agang mat engem spezielle Luuchtesystem heirop opmierksam gemaach.

Doriwwer eraus ass d’Sécherheetspersonal verduebelt ginn. Empfaangsdamme sinn d‘ganz Woch iwwer, inklusiv de Weekend, am Asaz, fir d’Client’en un d’Sécherheetsmesuren ze erënneren, hinnen déi kierzte Weeër ze weisen an op all méiglech praktesch Froen ze äntweren.
De Shopping Center Cloche d’Or bitt XXL-Raimlechkeeten an Plafongshéichte vu bis zu 13 Meter. Fir eng besser Zirkulatioun sinn ausserdeem d’Miw-welen aus de Gäng geraumt ginn. De beléifte Wanter-Animatiounsprogramm huet leider missen endgülteg gestrach ginn. Trotzdeem wäerte Kleeschen a Chrëschtkëndchen och dëst Joer ganz fest un all d’Kanner an hier Famillen denken.
Nieft de Loftfilteren a méi enke Raim an der Frëschloftzoufuer am Gebai selwer gëtt sech beim Botzen a bei der Desinfektioun u ganz präzis Pläng gehal. „Eng Botzekipp ass zum Beispill reng fir d’Desinfektioun vun den Handleef zoustänneg“, erkläert de Raphaël Bouchet, Direkter vum Shopping Center.

Mam Zil, d’Client’en besser ze verdeelen an esou grouss Usammlungen ze vermeiden, ass de Shopping Center Cloche d’Or elo och sonndes op.
Fir dass d’Droe vun der Mask ausnamslos agehale gëtt, ass d’Iessen an d’Drénken am Shopping Center verbueden. Dofir bitt d’Hallschent vun de Restauranten iwwer d’Websäit Wedely.com neierdéngs eng Liwwerung bei de Client heem.
Besser Geschäftszäiten, speziell Mesuren, adaptéiert Servicer, Openthaltskonditiounen am Geschäft - d’Empfaangsdamme beäntweren all Äer Froen ënnert der Nummer: 27 04 53 53.

De Shopping Center mécht seng Client’en op all seng nei Servicer opmierksam – dorënner och säi Liwwerdéngscht. Fir déi, deenen nach deen een oder anere Chrëschtdagskaddo feelt, bidd sech ab dem 15. Dezember ausserdeem e Kaddosbon un. Dësen ass zwee Joer gëlteg an disponibel bei der Conciergerie um Niveau 0.
De Shopping Center Cloche d’Or seet all deene Client’en Merci, déi d’Sécherheetsmesure respektéieren, souwéi sengem ganze Geschäftspersonal fir hiren Asaz an hier Energie zum Wuel an der Sécherheet vu jidderengem. Op dat d’Chrëschtdeeg trotz allem magesch a glécklech ginn.
Committed to your health #tousengagés
MEI INFORMATIOUNEN:
Web : clochedor-shopping.lu
Email : contact@cloched’or-shopping.lu
Facebook messenger : facebook.com/clochedorexperience
Hotline : +352 27 04 53 53 (de 9h à 19h)