Sponsored ContentSexuell Gewalt online – och Äert Kand kéint betraff sinn.

RTL Lëtzebuerg

Wat kënnt Dir dogéint maachen?

Kanner a Jugendlecher sinn all Dag online, deelweis esouguer schonn a jonkem Alter. Et ass allerdéngs just begrenzt méiglech, verschidden Inhalter ze vermeiden. Et ka sinn, dass äert Kand Biller oder Videoen gesäit, bei deenen et erschreckt, oder wou et net weess, wéi et domat ëmgoe soll. Dës Biller a Videoe kënnen illegal Inhalter beinhalten.

Den Internet ass ee weltwäite Raum ouni national Grenzen. Dat erlaabt et ärem Kand, an Iech och, mat Frënn, oder mat der Famill op der ganzer Welt a Kontakt ze bleiwen. Leider huet dës flott Méiglechkeet awer och eng aner, net esou flott Säit: äert Meedchen oder äre Jong kéinten iwwer dësen digitale Wee och mat Leit a Kontakt kommen, Gläichaltreger awer och Erwuessener, déi hinnen näischt Guddes wëllen. Mënschen, déi reegelrecht géingt d’Gesetz verstoussen mat deem wat si (mat ärem Kand) maachen.

Ënner sexueller Gewalt versteet een net just kierperlech Iwwergrëffer wéi Vergewaltegung oder sexuelle Mëssbrauch, mee och all Form vun onerwënschter sexueller Kommunikatioun – an ebe grad online kéint et sinn, dass och äert Kand dovu betraff ass.

Iergendeen kéint vun ärem Kand verlaangen eng „sexy Foto“ ze schécken. Oder eng Persoun kéint him Biller oder Videoen weisen, fir déi äert Kand nach vill ze jonk ass – och als Teenager. Verschidden (online) Handlungen vun Erwuessenen géigeniwwer Mannerjäregen zielen och zu sexueller Gewalt, hei si just ë puer Beispiller:

  • net ubruechte Komplimenter vun engem Erwuessenen
  • deplacéiert / obszön Kommentaren zum Ausgesin oder der Kleedung
  • net ubruechte Blécker (iwwer d’Webcam)
  • Schécken vu pornografeschem Material, Nudes (eege plakeg Fotoen)

Gerot elo awer net direkt a Panik! Verbitt ärem Kand dofir net den Internet! Et ass wichteg, dass Dir äert Kand ob sengem Wee begleet fir ee sécheren Notzer vum Internet ze ginn – esou wéi Dir äert Kand och dobäi begleet, ee gudde Chauffeur ze ginn, dee wachsam um Stroosseverkéier deelhëlt. Weist him d’Geforen déi et ginn. Schwätzt mat ärem Kand doriwwer, dass Dir iech Suerge maacht, an och iwwer déi Suergen, déi äert Kand villäicht huet. Frot no sengen Interessen a sengen Erfarungen – ouni äert Kand ze verurteelen. Sidd do fir äert Kand, als Vertrauenspersoun an als Uspriechpartner, ganz besonnesch dann, wann him (online) eppes „komesch“ virkënnt.

Dat Allerbescht, wat Dir ärem Kand mat op de Wee kënnt gi fir duerch déi digital online Welt ze kommen ass äert Kand ze stäerken:
Stäerkt äert Kand doran kënnen NEE a STOP ze soen, wann et Leit begéingt, sief dat online oder offline, déi et verletzen oder an him ë komescht Gefill ausléisen. Äert Kand muss dat net „aushalen“, et kann an däerf NEE soen (z.B. wann een no enger „sexy Foto“ freet).

Gidd ärem Kand mat op de Wee, dass et zu jidder Zäit am Vertrauen bei Iech komme kann, wann et domm Spréch oder iergendwellech Aussoen gelies huet, déi bei him kee gutt Gefill ausléisen. Och bei Biller oder Videoen ass et gutt wann äert Kand weess: ech ka mat der Mamma oder mam Pappa doriwwer schwätzen an duerno geet et mir besser. Et ass wichteg, dass äert Kand weess, dass Dir fir et do sidd an et an alle Situatiounen ënnerstëtzt.

Hei ë puer praktesch Tipps, wéi äert Kand sech géingt sexuell Gewalt online schütze kann:

  • NEEN oder STOP soen
  • den Chat oder d’WhatsApp-Grupp verloossen
  • déi Persoun blockéieren
  • déi Persoun mellen
  • sech Ënnerstëtzung huelen (z.B. vun Iech)
  • bei d’Police goen

Wann äert Kand staark ass, dat ëmsetze kann a sécher ob är Ënnerstëtzung ziele kann, hëlt et dëse Leit d’Muecht: hir Dreeunge wierken net an d’Gefill vu Scham a Schold kënnt vill méi lues op.

CSAM – Child sexual abuse material

D’Ofkierzung CSAM kennt der warscheinlech nach net. Den Ausdrock „Kannerpornografie“ hu der awer bestëmmt schonn héieren. Domat gëtt awer just d’Bildmaterial bezeechent, dat entsteet, wann sexuell Gewalt gefilmt, fotograféiert oder beschriwwen gëtt an online gestallt gëtt. Dës Bezeechnung beschreift allerdéngs net d’Wourecht. Et ass keng Pornografie, et ass ë Verbriechen a soll och esou genannt ginn.

Déi Professionell benotzen dofir de Begrëff CSAM – Child Sexual Abuse Material, also d’Weisen an Duerstellen vu sexuellem Mëssbrauch u Kanner. Dës stellen, nieft der Hierstellung, dem Besëtz, der Verbreedung an dem Konsum, zu Lëtzebuerg grad esou eng Strofdot duer wéi déi sexuell Gewalthandlung selwer[1].

De KJT, dee mat sengen Servicer all Kand eng Stëmm wëll ginn, huet och d’BEE SECURE Stopline. Iwert hiren online Formular ka jiddereen, deen Internet benotzt, d’Weisen vu sexuellem Mëssbrauch u Kanner online (CSAM) mellen – an esou d’Recht vun de Kanner op Schutz viru Gewalt ënnerstëtzen.

An dësem Kontext huet de KJT zesumme mat ECPAT Luxembourg vu September bis November 2021 d’Campagne „Stoppt sexuell Gewalt géingt Kanner“ duerchgefouert: https://www.stop-csam.lu.

Wat kënnt Dir géingt CSAM maachen an esou äert Kand virun dëser Form vu sexueller Gewalt online schützen?

Dir kënnt ganz konkret bei der Bekämpfung vu CSAM, also vun Duerstellungen vu sexuellem Mëssbrauch u Kanner, hëllefen.

CSAM gëtt net just am sougenannten DarkNet verbreet an ëffentlech gemaach. Och am fir jiddereen zougänglechen Surface Web – wat di meescht vun eis all Dag benotzen – gëtt ët CSAM. Kanner a Jugendlecher, déi Videoen a Fotoen vu Mannerjäregen mat sexuellem Inhalt verschécken sinn och mat CSAM konfrontéiert.

Et gëtt eng ganz wichteg Méiglechkeet, déi Dir an är Kanner ëmsetze kënnt, fir d’Verbreedung vun CSAM ze reduzéieren an sech selwer mee och di aner virdrun ze schützen:

Schéckt den Text, d’Bild oder de Video net wieder a späichert et och net!

Wann der online ob CSAM stousst, mellt et ob der BEE SECURE Stopline, anonym a vertraulech: https://stopline.bee-secure.lu

Kuckt net ewech! Mellt et!

Gitt de genaue Link vum Bild, vum Video, vun der Websäit oder dem Text am Formular un. Dir braucht och net ären Numm oder aner perséinlech Donnéeën unzeginn.

D’Team vun der BEE SECURE Stopline mécht eng Analyse vun den Inhalter ob Basis vun de Gesetzer a gëtt d’Meldung am Fall vun enger Aschätzung als „illegal“ un déi zoustänneg Autoritéiten zu Lëtzebuerg an am Ausland wieder.

Bei Froen iwwer d’BEE SECURE Stopline, oder iwer eng sécher Notzung vum Internet steet Iech d’BEE SECURE Helpline 8002 1234 vu méindes bis freides vun 9 bis 16 Auer zur Verfügung.


[1] Art. 383 – 386 du Code Pénal, Livre II, Titre VII, Chapitre VII https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/code/penal/20210430

Back to Top
CIM LOGO