Deel vun Dännebësch zerstéiertGréissert Feier bei Konsdref ausgebrach, Flamen awer well ënner Kontroll

RTL Lëtzebuerg
E Feier, dat e Sonndeg am Mëllerdall ausgebrach ass, huet och en Deel vum Dännebësch bei Konsdref zerstéiert, ier et vum CGDIS ënner Kontroll bruecht gouf.
Op der Plaz sinn eng 70 Pompjeeën a Secouristen aus 10 Asazzenteren.
© Domingos Oliveira

Am Mëllerdall, méi genee zu Konsdref an der Weidendellt, ass e Sonndeg de Mëtteg e Feier op engem Feld ausgebrach. Och een Deel vum Dännebësch direkt niewendrun ass dem Feier zum Affer ginn.

Et sinn aktuell ganz vill Läsch-Camionen op der Plaz, well e Pendelverkéier ageriicht gouf.

Duerch d'Topographie am Mëllerdall ass et net ëmmer evident, fir u Waasser ze kommen. Mam Pendelverkéier assuréiert een, dass ëmmer genuch Waasser do ass, fir ze läschen.

Op Nofro huet de CGDIS och confirméiert, dass d'Feier ënner Kontroll wier. Et wier een elo mat den No-Läschaarbechten amgaangen.

Op der Plaz sinn eng 70 Pompjeeën a Secouristen aus 10 Asazzenteren.

Wei de CGDIS weider matdeelt, huet e Sonndeg de Moien zu Esch nach Knascht gebrannt, zu Rolleng huet de Mëtteg eng elektresch Këscht gebrannt an op der A4 Richtung Steebrécken gouf och e Brand gemellt. Et ass iwwerall beim Materialschued bliwwen.

D'Rettungsdéngschter mellen och nach véier Accidenter mat Motocyclisten an am Ganze fënnef Blesséierten.

Bëschbrandgefor an Europa klëmmt

Déi grouss Hëtzt an d'Dréchent erhéijen d'Bëschbrandgefor net just hei am Land, ma och a Frankräich an an Däitschland. A Südfrankräich si schonn e puer grouss Vegetatiounsbränn ausgebrach, dausende vu Leit hu missten evakuéiert ginn.

Och an Däitschland klëmmt d'Bëschbrandgefor an e puer Regiounen. D'Dréchent an déi héich Temperaturen erschwéieren d'Aarbecht vun de Pompjeeën, déi an Däitschland méi modern Technik an zousätzlech Mëttel fir d'Brandbekämpfung fuerderen.

Am Süde vu Spuenien schwätzen d'Autoritéiten iwwerdeems aktuell vum déidlechste Bëschbrand vum 21. Joerhonnert a Spuenien.

Back to Top
CIM LOGO