Futtball-WMArgentinien klappt 10 Schwäizer no Verlängerung a steet an der 1/2-Finall

Jeff Birsens
Laang konnten d'Schwäizer zu Kansas City den 1:1 halen. An der Verlängerung huet Argentinien dann awer de Sak zougemaach a spillt an der 1/2-Finall géint England.
KANSAS CITY, MISSOURI - JULY 11: Julian Alvarez #9 of Argentina celebrates with teammates after scoring his team's second goal during the FIFA World Cup 2026 Quarter Final match between Argentina and Switzerland at Kansas City Stadium on July 11, 2026 in Kansas City, Missouri. Carl Recine/Getty Images/AFP (Photo by Carl Recine / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP)
De Julian Alvarez huet mat sengem Gol fir den 2:1 an der 112. Minutt bei den Argentinier fir Erliichterung gesuergt.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

An der Nuecht op e Sonndeg huet sech Argentinien zu Kansas City mat enger 3:1-Victoire no Verlängerung géint d'Schwäiz de leschten Ticket fir d'1/2-Finalle geholl. Do geet e Mëttwoch géint d'Three Lions aus England, déi e Samschdeg den Owend no der Verlängerung mat 2:1 géint Norwegen gewonnen haten.

D'Albiceleste war fréi a Féierung gaangen, gouf awer fir d'Passivitéit duerno mam 1:1 bestrooft. Wéinst enger Schwalb vum Breel Embolo war Argentinien vun der 72. Minutt un dann an Iwwerzuel. Laang konnten déi 10 Schwäizer den 1:1 halen, ma an der Verlängerung huet dann ee Sonndesschoss vum Julian Alvarez an dann nach den 3:1 duerch de Lautaro Martinez de Match entscheet.

Argentinien - Schwäiz 3:1

1:0 Mac Allister (10'), 1:1 Ndoye (67'), 2:1 Alvarez (112'), 3:1 Martinez (120+1')

Am Arrowhead Stadium zu Kansas City waren d'Argentinier éischter passiv an de Match gestart an hunn de Schwäizer domat an den éischte Minutten de Ball iwwerlooss. Net laang huet et awer gedauert, bis d'Albiceleste eng éischte Kéier zouschloe konnt. An der 10. Minutt huet e Corner vum Lionel Messi vun der lénker Säit op der Héicht vum 5-Meter-Raum den Alexis Mac Allister fonnt, deen am richtege Moment gesprongen ass an de Ball fir den 1:0 erakäppe konnt.

Duerno huet sech Argentinien nees éischter hannendra gestallt, sou datt d'Schwäiz nees gréisstendeels de Ball hat, domat awer net konnt geféierlech virun de géigneresche Gol kommen. Bis op een Distanzschoss ass offensiv net vill zestane komm a sou ass et aus schwäizerescher Siicht mat engem knappe Réckstand an d'Paus gaangen.

Ufanks vun der zweeter Hallschent war Argentinien dann nees direkt e Stéck méi aktiv a konnt bannent e puer Minutten direkt e puer Mol den Ofschloss fannen. Well sech den defensive Block bësse geléist huet hat elo och d'Schwäiz liicht méi Plaz vir a konnt sech no an no selwer och mol Chancen erausspillen. D'Ekipp an de wäiss-blo gesträiften Trikoten huet sech ze vill op der knapper Féierung ausgerout a gouf dofir dann an der 67. Minutt bestrooft. No engem gudde Kombinatiounsspill konnt den Dan Ndoye mat engem prezise Schoss aus spatzem Wénkel op 1:1 stellen.

D'Freed vun de Schwäizer sollt awer net all ze laang unhalen. Knapp fënnef Minutten duerno ass et fir si wéinst enger onnéideger Aktioun vum Breel Embolo just nach zu 10 weidergaangen. Den Offensivspiller hat sech an engem Zweekampf theatralesch fale gelooss, obwuel hie guer net beréiert gouf. Nodeems de VAR sech ageschalt hat, gouf den Embolo mat Giel-Rout vum Terrain geschéckt. An Iwwerzuel war fir d'Schlussphas dann nees Argentinien um Rudder, konnt trotz enger grousser Drockphas awer net markéieren, sou datt et no 90 Minutten an d'Verlängerung gaangen ass.

Do huet d'Albiceleste dann am Sens unique a Richtung schwäizeresche Gol gespillt. 10 Schwäizer hu weiderhi probéiert, den 1:1 iergendwéi iwwert d'Zäit ze bréngen. Dëst sollt awer net geléngen. Duerch een absolutte Sonndesschoss vum Julian Alvarez, deen de Ball aus der zweeter Rei onhaltbar an de Wénkel gesat huet, stoung et an der 112. Minutt 2:1 fir Argentinien. Duerno war d'Saach da giess a spéitstens mam 3:1 duerch de Lautaro Martinez an der 121. Minutt war den Deckel drop an den Ticket fir d'1/2-Finall geséchert.

Alles ronderëm d’WM fannt Dir an eisem Futtball-WM-Dossier op RTL.lu.

Artikel vun der 1/2-Finall England-Norwegen

Back to Top
CIM LOGO