
SOS Faim kämpft säit 1993 géint den Honger, dëst ouni Liewensmëttel ze verdeelen, mee duerch d’Ënnerstëtzung vun Acteuren an Afrika, déi zu der Emergenz vun engem méi narhaften Afrika bäidroen.
Et gëtt d‘Usiicht, dass den Honger een onheelbaart Leed duerstellt. Mir bei SOS Faim gleewen awer, dass den Honger keng Fatalitéit ass. Dass et méiglech ass en ze bekämpfen andeems een lokal Acteuren ënnerstëtzt, déi d’Entwécklung vun der familiärer Landwirtschaft erméiglechen.
Informéiert Iech iwwert déi ONG, déi souwuel hei zu Lëtzebuerg, wéi och an den Länner, an deenen si hier Partner ënnerstëtzt, schafft.
Eng Welt ouni Honger. Eng Welt an der d’Reschter vun de Männer an de Fraen respektéiert gi, besonnesch d’Recht op eng adequat Ernierung, produzéiert am Respekt zum Mënsch an der Natur. Dat ass d’Visioun vun SOS Faim. Déi Visioun baséiert op véier Grondwäerter, déi d’Fundament vun der d’Aktioun vun SOS Faim duerstellen: Dignitéit, Gerechtegkeet, Solidaritéit an Engagement.

Fir seng Missioun ze erfëllen, schafft SOS Faim un der Transformatioun vun den Agrar- an Ernierungssystemen, andeems se Acteuren finanzéiert an ënnerstëtzt, déi sech fir eng nohalteg Familljenlandwirtschaft an een verantwortungsvollen Ëmgang mat Liewensmëttel asetzen.
D’Associatioun gesäit déi nohalteg, familiär Landwirtschaft als déi bescht Léisung, fir d’Welt ze ernären an gläichzäiteg d’Mënscherechter an d’Artenvielfalt ze respektéieren. Eleng déi familiär Landwirtschaft produzéiert ongeféier 80% vun de weltwäiten Nahrungsmëttel an stellt d’Liewensgrondlag vun Milliounen vun Famillen weltwäit duer. Mee haut ginn d’Agrar- an d’Liewensmëttelsystemer vun puer weinegen Acteuren aus der Agrar- an Liewensmëttelindustrie gesteiert, wat eng reell Gefor fir d’Ernährungssecherheet vun eis all duerstellt. Nierwend den positiven Auswierkungen op d‘Ernährungssecherheet, kann déi nohalteg familiär Landwirtschaft den Baueren hier Grondrechter garantéieren, wéi zum Beispill eng mënschewierdeg Aarbecht an een Akommes fir kennen an Dignitéit ze liewen.

SOS Faim ënnerstëtzt am Moment 23 Partner, Acteure déi eng Verännerung wellen, an siwen afrikaneschen Länner (Benin, Burkina Faso, Ethiopien, Mali, Niger, Demokratesch Republik Kongo an Senegal). Déi Acteuren sinn entweder Bauerenorganisatiounen, Mikrofinanzinstitutiounen, oder Organisatiounen déi d’Rechter vun den Baueren verdeedegen, wéi zum Beispill den Zougang zu Land an natierlechen Ressourcen, fir der nëmmen puer ze nennen. All des Acteuren sinn op hirem Niveau un der Verännerung bedeelegt. Ronn 500.000 Mënschen gi vun den Partner vun SOS Faim an Afrika ënnerstëtzt.
Des Aarbecht gëtt duerch d’Sensibiliséierung vun de Bierger an d’Interpellatioun vun den Entscheedungsträger hei zu Lëtzebuerg vervollstännegt. D’Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet invitéiert d‘Bierger de Menü ze änneren („Changeons de menu“), sech responsabel ze ernären, an Produkter ze privilegiéieren déi ausnohaltegen an sozial respektvollen Liwwerketten kommen. Net nëmmen well et besser fir d’Gesondheet vum Consommateur ass, mee och well den Choix vun eiser Consommatioun een reellen Impakt op d’Klimaerwiermung, op den Verloscht vun der Biodiversitéit an, als ultime Konsequenz, op den Accès fir jiddwereen zu genuch an adequaten Liewensmëttel huet.
Wat d’Aarbecht vum Plaidoyer ugeet, gëtt se an Zesummenaarbecht mat aneren Acteuren vun der lëtzebuergescher an europäescher Zivilgesellschaft duerchgefouert: Wann den Honger an der Welt een politeschen Probleem ass an direkt mam agro-industriellen System an Finanzéierungsmodell vun der Wirtschaft zesummenhänkt, dann gesäit d’ONG et als hier Flicht un, d’Entscheedungsträger ze interpelléieren, fir dass si sech fir een méi gerechten, nohaltegen an solidareschen System entscheeden. An den Aen vun SOS Faim ass des Aarbecht zentral an absolut noutwendeg. Tatsächlech erlaabt se eis deelweis e reellen Afloss op d’Verännerung vun de Systemer ze hunn an enger gerechter an méi nohalteger Welt méi no ze kommen. Enger Welt ouni Honger!
Fir senger Missioun kënnen nozegoen, brauch SOS Faim Personal an finanziell Ressourcen. Eng pluridisziplinär Equippe vun 12 Persounen, déi vun engem benevollen Conseil d‘Administration superviséiert gëtt, widmet sech all Dag der Ëmsetzung vun der Strategie an den Aktiounen vun der ONG. Wat de finanzielle Volet ugeet, do gëtt SOS Faim vum Ausseministère (MAEE) unerkannt an huet dofir Zougang zu den Cofinanzéierungsmechanismen vum Ministère. Dësen Zougang ass awer fest un déi privat Spendensammlung vun SOS Faim zu Lëtzebuerg gekoppelt.
An dësem Zesummenhang huet SOS Faim eng eegen Ethik-Charta erstallt, déi den „code de bonne conduite“ vun den Organisatiounen déi der Initiativ „Don en Confiance“www.donenconfiance.lu bäigetrueden sinn, vervollstännegt. Esou ass et fir SOS Faim ondenkbar mat schockéierenden an miserabelen Biller Spenden ze sammelen. Stroossen- oder Telefonsmarketing sinn och tabu. Genausou wéi d’Kaafen vun Email-Lëschten. Zudeem gi d‘Finanzen vun der Associatioun integral op der Internetsäit www.sosfaim.lu publizéiert. Ethik, finanziell Transparenz an Vertraulechkeet vun den Donnéeë vun den Donateuren sinn d’Basis an illustréieren den Professionalismus vun SOS Faim an deem Beräich.
Schlussendlech - ouni déi komplex Problemer vum Honger ze verschweigen - versicht SOS Faim, een positivt Bild vun Afrika an senge Bewunner ze vermëttelen, andeems se hiren Mutt an hier Dynamik an de Virdergrond stellt. Hei een Beispill: am Benin liewen ongeféier 80% vun der Populatioun vun der Landwirtschaft. Een groussen Deel vun deene Baueren bewirtschaften kleng familiär Landflächen. Trotzdeem fillen sech déi Jonk oft forcéiert Aarbecht an den urbanen Raum sichen ze goen, dëst well se am ländlechen Raum kaum eng Perspektiv hunn.
SOS Faim ennerstëtzt eng, am Südosten vum Benin geleeën, Akerbauschoul („Ferme SAIN“) déi d’Ziel huet jonk Awunner an der Agrarökologie auszebilden, fir dass si Botschafter fir déi lokal Entwécklung kennen gi. Tatsächlech stinn der Installatioun vun jonken Baueren an dësem Land vill Problemer am Wee: d’Léieren vum Beruff, den Zougang zu Land oder nach d’Finanzéierung vun den Produktiounsmëttel.

Dës Akerbauschoul ass eng Platz wou jonk Leit forméiert an alternativ Ubaumethoden entwéckelt ginn, déi d’Gesondheet an d’Ëmwelt schounen. Déi suergfälteg Weiderverwäertung vun landwirtschaftlechen an déiereschen Offäll erlaabt et dem Betrib, een Minimum un Produktionsmëttel ze verwenden (keng chemesch oder syntheetesch Düngemëttel, keng Pestiziden). Et handelt sech em een integréierten Produktiounssystem, deen Planzenproduktioun (Räis, Mais, Manniok, Geméisbau, Zockerrouer, Uebstbeem), Deierenproduktioun (Hénger, Schlécken) an Fëschzucht kombinéiert. No der Ausbildung ginn déi Jonk weiderhinn begleet an ënnerstëtzt am Fall wou se sech entscheeden, hiren eegenen Bauerenbetrib ze grënnen. Dës Approche maximiséiert d’Erfollegschancen vun hirem Liewensprojet.
Wann dir méi iwwert SOS Faim an seng Partner wëllt gewuer ginn, dann gi mir iech Rendezvous op der Internetsäit vun der ONG:www.sosfaim.lu