"Booster fir de Wunnengsbau" Befreiung vun Enregistrement, méi Bëllegen Akt, méi Zënssubventioun

François Aulner
Mat 7 Mesurë wëll d’Regierung d’Rechnung fir de Kaf vun enger Wunneng méi bëlleg maachen.
© MFIN

De Finanzminister Gilles Roth an de Logementsminister Claude Meisch hunn den zoustännege Chamberkommissiounen an duerno der Press hire "Booster fir de Wunnengsbau" presentéiert.

D’EU-Kommissioun huet d’Hausse vum Plaffong fir d’TVA superréduite vu 50.000 op 100.000 Euro verworf. D’Ministeren hunn awer Alternative fonnt, fir den Zougank zu enger Wunneng respektiv den Invest an de Locatif unzekuerbelen. Si wëllen awer och aus der Vergaangenheet geléiert hunn a wëllen den Effet vun de Mesuren am Bléck behalen.

Well de "Booster" hätt een och kéinten "Goodies" nennen. D’Ministèren hu Beispiller a Form vu Grafike presentéiert, déi weisen, datt ee beim Kaf vun enger Wunneng am Wäert vun 1 Millioun Euro – jee no deene jeeweilege Konditiounen a Mesuren – zum Beispill 5.000, 19.500 oder 33.600 Euro manner bezuele muss.

Déi siwe Mesurë sinn zum Deel technesch, dowéinst hei eng graff Zesummefaassung: De Bëllegen Akt gëtt vu 40.000 op 45.000 Euro pro Persoun erhéicht. D’Zënssubventioun gëtt net méi op e Kredit vun 200.000 Euro berechent, mee bis zu 300.000 Euro, dëst awer fir jonk Éischtkeefer ënner 35 Joer. De Plaffong kann duerch d’Zuel vun de Kanner nach liicht eropgoen.

Den Amortissement accéléré vu 6 Prozent iwwer sechs Joer feiert säi Comeback, mee dëse steierleche Virdeel gëtt dës Kéier op 600.000 Euro plafonéiert. Déi wichtegst Mesure vum "Booster-Pak" ass, datt den Enregistrement beim Kaf vun enger Wunneng um Plang op 0 Prozent gesat gëtt, bis 80 Prozent vun der Wunneng gebaut sinn.

Eng Fro vum Timing

No enger laanger technescher Presentatioun sot de Finanzminister Gilles Roth an der Froeronn, et wier "net e Pak fir Promoteuren z’ënnerstëtzen, déi Terrainen ze deier kaf hunn", mee fir de Bau nees un d’Rullen ze kréien.

Virun der Covid-Pandemie hätt een net genuch Projeten um Marché gehat an d’Leit hätte Projete scho wëlle kafen, ier se iwwerhaapt autoriséiert waren. Haut wier et ëmgedréint: Et géife méi Projeten autoriséiert ginn, mee si géife "net un de Mann bruecht ginn", esou de Gilles Roth.

Hien an de Claude Meisch hunn nach eemol en Effort vun de Promoteure verlaangt, déi "vläicht“ nach ze héich Präisser géife froen. De Finanzminister huet och gewarnt: Wann et zu Mëssbrauch géif kommen, kéint déi eng oder aner Mesure séier nees "abrogéiert" ginn.

Mesuren, déi d’Demande stäerken, kann een an dësem Kontext novollzéien. Allerdéngs besteet de Risiko, datt esou Mesuren d’Präisser weider an d’Luucht dreiwen, wann d’Offer net nokënnt. Or, wéi vill gebaut gëtt, gëtt haaptsächlech vun de Gemengen decidéiert.

De Logementsminister Claude Meisch sot, hien an de Finanzminister géifen d’Steiermesurë ganz genee suivéieren an evaluéieren an der Chamber Rapport doriwwer maachen, fir zu all Moment kënnen anzegräifen. Hien huet awer ënnerstrach, datt déi nei Mesuren net "plakeg" wieren, mee duerch zousätzlech Dispositioune begleet ginn, fir ze verhënneren, datt se d’Präisser an d’Luucht dreiwen.

De Claude Meisch huet och verséchert, datt hien den Dialog mat de Gemenge weiderféiere géif.

Staatlech Vefas an Housing Bonds

De Käschtepunkt vun den Haaptmesurë fir de Staat ass relativ niddreg: ronn 35 Milliounen Euro u Steierausfäll. Dobäi kéint méi Aktivitéit um Wunnengsmaart nees zu méi Recettë féieren, huet de Gilles Roth betount. D’Regierung huet donieft eng zousätzlech Enveloppe vun 300 Milliounen Euro decidéiert, fir de staatleche Kaf vu Wunnengen um Plang weiderzeféieren.

De Claude Meisch huet betount, datt de Staat bis elo Engagementer an Héicht vun 470 Milliounen Euro agaangen ass an elo weider Akafsméiglechkeete kéint notzen. De Finanzminister huet och nach emol ugekënnegt, datt Ufank 2027 en Housing Bond emittéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO