Op der grousser Plaz tëschent de Campusgebaier, der Mensa an dem Auditoire hu sech kuerz virun der Mëttesstonn sëllege Studenten, Dozenten an aner Unismataarbechter versammelt, fir dem 22 Joer ale Student ze gedenken, deen e Mëttwoch de Moien, net wäit fort, mat engem Messer erstach gouf. Blumme goufen op en Dësch geluecht. Eng Rei Persounen, dorënner och d'Presidentin vun der Tréierer Uni, d'Eva-Martha Eckkramer, oder den Tréierer Oberbürgermeister Wolfram Leibe hu sech dunn an e Kondolenzbuch ageschriwwen. Eng gutt hallef Stonn huet d'Gedenken un de jonke Mann gedauert, deen den Dag virdru säi Liewen um Heemwee verluer huet. D'Presidentin vun der Tréierer Uni huet RTL géigeniwwer emotional Wierder fonnt:
"Wir sind alle zutiefst betroffen. Wir sind eine kleine, mittelgrosse Universität wo man sich kennt, wo man sich begegnet. Die Dozierenden kennen die Studierenden. Die Studierenden kennen sich untereinander gut (...) und das trifft uns ins Mark, das trifft uns zutiefst. Man denkt sich in die Familie hinein, in die Situation der Eltern, der Freunde, der Kommilitoninnen und Kommilitonen. Das tut einfach unheimlich weh und ich finde es wichtig, dass wir für grosse Empathie offen sind und das auch heute zum Ausdruck gebracht haben mit dieser Veranstaltung (...) Wir müssen das alle gemeinsam verarbeiten."
Den Tréierer Parquet huet en Donneschdeg am Nomëtteg e Schreiwes erausginn, an deem weider Detailer zur Dot bekannt goufen. Deemno wier den 22 Joer alen däitsche Student an der Robert-Schuman-Allee attackéiert ginn, wéi hie vum Akafen zeréck um Wee fir heem war. Den Täter, en afghanesche Staatsbierger am selwechten Alter, gouf kuerz duerno gepëtzt a gouf entretemps an eng zoue forensesch Psychiatrie gesat. E Lien tëschent Affer an Täter soll et éischten Erkenntnisser no net ginn hunn. Op der Plaz vun der Dot huet d'Police eng Ulafstell en place gesat, fir Persounen ze betreien, déi Zeie vun der Dot gi sinn oder de Virfall psychologesch veraarbechte wëllen.
"Das haben wir gestern bis in die Abendstunden gemacht, machen das heute auch wieder, einfach um den Studenten hier, den Studierenden oder den Anwohnern die Möglichkeit zu geben, mit uns ins Gespräch zu kommen, weil natürlich viele von der Tat betroffen sind, viele offene Fragen sind. Das wird sehr gut angenommen, ja", erkläert eis de Spriecher vun der Tréierer Police, de Marco Fleischmann.
Och d'Uni Tréier huet betraffene Persounen emotionale Support zougesot an offréiert vun nächstem Méindeg u Gespréicher mat Psychotherapeuten an engem vertrauleche Kader. Méi Infoe fannt Dir um Site vun der Universitéit Tréier.