Zuchaccident virun 20 JoerAus enger normaler Zuchfaart gouf en Albdram

Christophe Hochard
Am Summer 2006 hat e chineesesche Staatsbierger an engem Waggon express Feier geluecht. Vill Persoune goufen deemools méi oder manner schwéier blesséiert. 
De Journal vum 14.Juli 2006
Live Schaltung op d'Zuchaccident bei Hollerech

De 14. Juli 2006, freides owes no 17 Auer, war e Passagéierzuch just aus der Stater Gare eraus gefuer, mam Zil Athus. U Bord ronn 400 Passagéier.

Ma schonn no e puer honnert Meter huet de Maschinist eng Noutbremsung gemaach, well et an engem vun de Waggonen eng staark Dampentwécklung gouf.

De Plan nombreuses victimes gouf declenchéiert an déi Blesséiert goufe vun de Rettungsekippen an déi dräi Spideeler bruecht, op de Kierchbierg, an den CHL an op Esch. Direkt waren aacht Ambulanze vun der Protection Civile an och aacht vun de Beruffspompjeeën op der Plaz. Am Journal vun Tëlee Lëtzebuerg goung deemools vun 20 Blesséierter riets. Dorënner och 14 Schwéierblesséierter. Dampvergëftungen a Verbrennungen hu si erlidden.

Interview mam René Closter vun der Air Rescue
Erkläerungen iwwer d'Blessure vun de blesséierte Leit.

Vun iwwerall ronderëm koume Leit erbäigelaf fir ze hëllefen, d'Leit aus dem Waggon ze zéien. Séier war kloer, datt et keen Accident war, mä datt d‘Feier am Zuch express geluecht gi war. Also absichtlech Brandstëftung. Duerch de séieren Asaz vun e puer Passagéier a vun den CFL Mataarbechter hätt kéinte Schlëmmeres verhënnert ginn.

Interview mam Erny Kirsch
Wat fir en Dispositive war op der Plaz?

En deemools 40 Joer ale chineesesche Staatsbierger hat absichtlech Feier geluecht. Hien huet méi spéit de Prozess gemaach kritt an ass zu enger Prisongsstrof verurteelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO