Wann e Kand wärend Schwangerschaft oder bei Gebuert stierft"Amplaz eng Gebuert virzebereeden, hu mir e Begriefnis organiséiert"

Lynn Cruchten
D’Laetitia Sutil an d’Stärekanner ASBL verlaange méi Unerkennung an Hëllef fir Elteren, déi wärend der Schwangerschaft oder bei der Gebuert hiert Kand verléieren.
Wann e Kand wärend Schwangerschaft oder bei Gebuert stierft
"Amplaz eng Gebuert virzebereeden, hu mir e Begriefnis organiséiert"

"Mir hunn d’Gaïa deen Dag verluer, wéi et sollt op d’Welt kommen." D’Laetitia Sutil erënnert sech nach un hir éischt Stëllgebuert, wéi wann et gëschter gewiescht wier. Am Januar 2023 huet d’Häerz vun hirer Duechter op eemol opgehale mat schloen.

"Ech hunn nach kuerz virdru seng Beweegungen am Bauch gespuert. Ech konnt et einfach net gleewen. Ech hu geduecht: Dat kann net sinn, et muss un der Maschinn leien, déi net richteg funktionéiert."

Nach méi schwéier war et, hirem Partner déi onvirstellbar Noriicht matzedeelen.

"Amplaz d’Arrivée vun eisem Kand virzebereeden, hu mir op eemol e Begriefnis misse plangen."

De Verloscht vun engem Kand, egal zu wéi engem Zäitpunkt, ass eng Erfarung, op déi kee sech virbereede kann. Trotz Ënnerstëtzung vu baussen géif ee sech a senger Trauer eleng spieren, seet d’Laetitia Sutil.

Nom Gaïa och den Gianni verluer

8 Méint no der Stëllgebuert vum Gaïa gouf d’Laetitia erëm schwanger. Déi Hoffnung sollt awer net laang unhalen.

Den Gianni ass an der 15. Schwangerschaftswoch gestuerwen an no där Feelgebuert haten déi betraffen Eltere mol kee Recht op Congé. Si hu sech misse krank schreiwe loossen, fir op d’mannst eng kuerz Zäit a Rou kënnen ze traueren.

© Stärekanner

Adequaten Trauercongé néideg

Op sou en extraordinären Trauercongé huet een eisem Gesetz no den Ament eréischt Recht, wann de Bëbee no der 21. Schwangerschaftswoch stierft.

Dat wier net richteg, seet d’ASBL Stärekanner. Vill Famillje géifen och bei méi fréie Feelgebuerten duerch eng immens schwéier Zäit goen an hätten de selwechte Besoin wéi aner betraffen Elteren.

D’Presidentin vun der Associatioun, d’Martine Pinnel, ënnersträicht, datt Elteren déi traumatesch Erfarung musse verschaffe kënnen. Si bräichten och Zäit. fir iwwerhaapt mol e Begriefnis z’organiséieren. An eng psychologesch Hëllef wier och néideg.

D’ASBL Stärekanner fuerdert awer och méi Unerkennung fir d’Pappen am Fall, wou e Bëbee kuerz virun oder no Gebuert stierft. E rezente Virfall huet gewisen, dass och si an hirer Trauer net eleng gelooss dierfe ginn.

"Mir traueren ëm den trageschen Doud vum Stärepapp Kenny"

De Kommitee vun de Stärekanner hat kierzlech op de soziale Reseauen den trageschen Doud vun engem "Stärepapp" public gemaach. "Hien huet leider de Kampf géint seng grouss Trauer verluer", heescht et am Message.

Weider ass ze liesen: "Et gëtt héich Zäit, dass eis Gesetzer ëm den Trauercongé geännert ginn, dass eise Staat an eis Politiker erwächen an d’Aen opmaachen an dass se sou Organisatioune wéi d’Stärekanner ASBL endlech finanziell a moralesch zur Säit stinn, fir dass mir déi néideg Hëllef fir d’Eltere bidde kënnen.»

"De Papp ass deen, deen dacks vergiess gëtt"

Nom Doud vum Gaïa hätt säi Papp just 3 Deeg Congé zegutt gehat, dat wier brutal gewiescht, erzielt d’Laetitia Sutil. Dobäi hätt hien dat gemeinsaamt Kand grad esou gär gehat an et och gespuert iwwert seng Hänn. D’Roll vum Papp a seng Trauer missten och eescht geholl ginn.

Gesetzprojet schleeft

Och d’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt mécht Drock an deem Kontext. Si huet mëttlerweil zwou parlamentaresch Froe gestallt fir nozehaken, wéini de Gesetzprojet iwwert den extraordinäre Congé no Feelgebuerten endlech kënnt. De Projet ass zwar am Koalitiounsaccord virgesinn, mee bis elo ass nach näischt ëmgesat.

Falls bis den Hierscht näischt geschitt, wëll d’LSAP selwer eng Proposition de loi deposéieren.

Kleng Gesten, grouss Wierkung

Nieft gesetzlechen Ännerunge géif et awer och vill keng Mesurë ginn, déi Elteren entlaaschte kéinten.

Zum Beispill kéint an der Maternité eng Nott un der Zëmmerdier vun enger "Stäremamm" hänken, fir d’Personal op de Verloscht opmierksam ze maachen an onangeneem Bemierkungen ze vermeiden, Situatioune wéi eidel Bëbee-Better am Zëmmer kéint een och verhënneren. Op Gemengenniveau misst iwwerdeems besser informéiert ginn, datt een och am Bauch verstuerwe Puppelcher umellen an deemno och begruewen oder anäschere kann.

"Doud gehéiert zum Liewen"

Fir d’Laetitia Sutil ass virun allem eng Saach wichteg: Feelgebuerten, Stëllgebuerten, Stärekanner … Dat soll keen Tabu-Thema sinn.

"Den Doud mécht Angscht. Mee e gehéiert zum Liewen. Dofir musse mir driwwer schwätzen."

Mat hirem Temoignage gëtt d’Laetitia deene Stärenelteren eng Stëmm, déi hire Verloscht an traumatesch Erfarung dacks zréckgezunn erliewen. An och d’Stärekanner ASBL mécht sech staark, fir datt kee méi eleng duerch esou eng Trauer muss goen, a fir datt d’Politik endlech handelt.

Back to Top
CIM LOGO