
Eng nei Immobilie kafen, a seng Leidenschaften investéieren, sech ariichten, sech zu zweet nidderloossen, ...
Eis Liewen entwéckelt sech stänneg virun - zu eiser grousser Freed!
Well eng gutt Versécherung et Iech erlaabt, Äre Kapp a Rou ze leeën, offréiert AXA Assurances Luxembourg Iech eng (net ofschléissend) Lëscht vun deene Saachen, déi Dir beuechte sollt, fir Är Assurance Habitation un Är Besoinen unzepassen.
Dir erwaart e Puppelchen a sidd matten an de Virbereedungen? Eng Gebuert ass en emotionale Moment... awer och eng Quell vu Stress en vue vun all den administrativen Demarchen, déi et ze komplettéiere gëllt. Wousst Dir, dass Dir d'Gebuert vun Ärem Kand onbedéngt Ärer Assurance melle sollt? Wéi, Poussette, Miwwelen, ... D'Assurancë schätzen, dass fir en nei Kand bal 10.000 € investéiert ginn.
Et geet net duer, Är Versécherung un Är nei Wunnecht unzepassen. Et ass och wichteg, zum Zäitpunkt vun der Plënner gutt verséchert ze sinn: Hutt Dir un d'Haftflichtversécherung fir méiglech Schied un Drëttpersoune geduecht? Wéi sidd Dir verséchert, wann eppes wärend dem Transport aus Versinn eroffält oder futti geet?
Dir hutt Iech déi neisten Elektroapparaten oder héichwäerteg Miwwele kaf, Bijouen oder aner wäertvoll Objete zougeluecht oder geierft? Denkt drun, d'Héicht vum Kapital, dat Dir Ärer Assurance gemellt hutt, ze aktualiséieren.
Dir braucht eng Versécherung op Ärem Daach iwwer dem Kapp? Mat AXA war et nach ni esou einfach a schnell, seng Wunnecht ze versécheren!
Maacht vum 11. September bis zum 15. Oktober 2023 Ären Devis bei AXA a mat e bësse Chance kënnt Dir eng Assurance Habitation fir e ganz Joer gewannen. Frot ab elo Ären Devis un.