
Och dëst Joer invitéieren d’Gemengen aus dem Norden all Vëlosfan fir d'Lëtzebuerger Ardennen um Weekend vum 7. an 8. August souwéi vum 14. a 15. August z'entdecken. Déi "temporär" Streck vun ongeféier 30 km leeft vun Äischer duerch den Zentrum vu Cliärref weider op Wäiswampech, laanscht de Séi bis op Wilwerdang an zu Huldang kritt een d'Verbindung zur berüümter Vennbahn.
Fuert mam Vëlo duerch d’Gemengen: Kiischpelt, Cliärref, Wäiswampech, Ëlwen a Wëntger a vun Huldang aus weider iwwert d’Vennbahn bis op St.Vith, Oochen, ... Profitéiert vum Uschloss un de RAVeL oder un aner Circuiten duerch d’Land ewéi den “Gënzentour“, “Panoramatour“ an “Jardins à suivre“.
De 14. a 15. August gëtt d’VëloViaNorden-Route duerch déi “temporär“ Vëlospist verlängert, déi duerch Wëntger, Wanseler a Wolz féiert. Esou gëtt d’Streck an en 102 km Circuit transforméiert.
Fuert dem “Gënzentour“ no bis op Wanseler, Wolz, an vun do aus kommt Dir erëm op d’VëloViaNorden Streck an der Gemeng Kiischpelt.
LINK: Tour 08b: VeloViaNorden Wincrange
Huelt den Zuch a plangt Ären Tour esou wéi et fir Eech am Beschten passt. D’ Garen zu Kautebaach, Wëlwerwolz, Draufelt, Cliärref an Ëlwen, invitéieren d'Visiteuren hiren Dag op eng einfach Art a Weis ze gestalten an hir Randonnée no hire Virléiften ze plangen.
Laanscht d’Streck fannt Dir Iess- a Gedrénksstänn vun eise lokale Veräiner. Natierlech freeën sech awer och eis Restauranten, eis Hotellen an eis lokal Geschäfter op Äre Besuch.
D’Streck ass fir Vëlosfuerer reservéiert vu samschdes moies 8 bis sonndes owes 20 Auer.
D’Bussen an d’Awunner duerfen op dësen Deeler vun de Strecken fueren, wat bedeit datt d’Cycliste wéi och d’Autosfuerer de Code de la Route respektéiere mussen.
Kuckt op der Websäit www.velovianorden.lu fir méi Informatiounen zu de lokalen Offeren an och Kontakter fir d’Locatioun vun Ebike a Vëloen.
