
Lëtzebuerg ass bekannt fir säin effizienten an accessibele Gesondheetssystem. Fir sech an der lëtzebuergescher Gesondheetslandschaft zurechtzefannen, ass et wichteg ze verstoen, wéi dëse System funktionéiert, a virun allem den Ënnerscheed tëschent Mutuellen wéi der CMCM an Assurancen, déi zousätzlech Gesondheetsproduiten offréieren, ze kennen.
De lëtzebuergesche Gesondheetssystem baséiert um Prinzip vun der Sécurité Sociale. Praktesch heescht dat den deelweisen oder komplette Remboursement vu Gesondheetskäschten duerch de Staat, d'Employeuren an d'Bierger.
D'Sécurité Sociale zu Lëtzebuerg gëtt vun der Caisse Nationale de Santé (CNS) geréiert. Si deckt e groussen Deel vun de medezinesche Käschten of, dorënner Visitte beim Dokter, verschriwwe Medikamenter, esouwéi Behandlungen am Spidol oder beim Zänndokter. D'Cotisatioune gi vum Akommes vun de Salariéen an Employeuren agezunn.
Mutuellen, wéi d'CMCM (Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste), sinn Organisatiounen à but non lucratif, déi complementaire Leeschtungen zu deene vun der CNS ubidden, wéi z.B. soins dentaires, Optik a bestëmmt alternativ Traitementer.
Mutuelle si grondsätzlech net dorop ausgeriicht, Profitter fir hir Memberen ze erwirtschaften. Si hunn dowéinst manner finanziell Mëttel wéi kommerziell Entreprisen. Si mussen dofir Cotisatioune vun hire Memberen asammelen, fir hire Betrib an hir Servicer ze finanzéieren. Wa si Schwieregkeeten hunn, genuch Recetten ze kréien, kann dat hir Fäegkeet aschränken, Leeschtungen ëmzeverdeelen oder bestëmmt Zousazleeschtungen unzebidden.
Nieft de Mutuelle schafen och Assurancen ewéi Foyer Assurances nom Prinzip vun der Mutualitéit an hunn hir eege Suen. Si stinn allerdéngs ënnert der Opsiicht vum Commissariat aux Assurances an ënnerleie strenge Virschrëften, dorënner Solvency II. All dës Facteuren si Garantië fir de Schutz vun de Clienten.
Mat hiren Zousazleeschtungen am Beräich Santé bidden d'Assurancen eng villfälteg Offer u Krankeversécherungen, esou dass all Eenzelen déi Optioune wiele kann, déi senge spezifesche Besoinen am beschten entspriechen. Dës Versécherungspolicen hunn eng méi breet Couverture a méi héich Entschiedegungsuewergrenzen, esou dass eng ausgibeg Protektioun fir heefeg oder deier Traitementer gebuede gi kann, och wann d'CNS net intervenéiert.
An de leschte Woche stoung de lëtzebuergesche Mutuellesystem, virun allem d'CMCM, am Mëttelpunkt vun enger Kontrovers an de Medien. Dëst huet vläicht zu engem Vertrauensverloscht an Äre Gesondheetsdéngschtleeschter gefouert. Frot Dir Iech elo, op Dir Iech fir eng loyal Assurance entscheede sollt, déi eng zouverlässeg Krankenzousazversécherung offréiert?
Bei Foyer Assurances ass Vertrauen eng vun eise wichtegste Valeuren. Eis wäert Är Erwaardungen erfëllen an offréiert Couverture fir Käschten, déi net vun der CNS iwwerholl ginn. Et gëtt zwou Optiounen, jee no Äre Besoinen:
Zesummefaassend léisst sech soen, dass de lëtzebuergesche Gesondheetssystem e Gläichgewiicht tëschent der Grondofsécherung duerch d'Sécurité Sociale an den zousätzlechen Optioune bitt, déi vun de Mutuellen an den Assurancen offréiert ginn. Et ass wichteg, d'Ënnerscheeder tëschent dësen Entitéiten ze verstoen, fir dass Dir Iech fir déi bescht Gesondheetsléisung fir Är individuell Besoinen entscheede kënnt.