Sponsored Content Wëllkomm fir d’Editioun VëloViaNorden 2022

RTL Lëtzebuerg
Fuert mam Vëlo duerch d’Gemengen: Kiischpelt, Clierf, Wäiswampech, Ëlwen a Wëntger a vun Huldang aus weider iwwert d’Vennbahn bis op St.Vith, Oochen, ...

Profitéiert vum Uschloss un de RAVeL oder un aner Circuiten duerch d’Land ewéi de “Gënzentour“, “Panoramatour“ a “Jardins à suivre“.

Den 13., 14. a 15. August gëtt d’VëloViaNorden-Route duerch déi “temporär“ Vëlospist verlängert, déi duerch Wëntger, Wanseler a Wolz féiert. Esou gëtt d’Streck an en 102 km Circuit transforméiert. Fuert dem “Gënzentour“ no bis op Wanseler, Wolz a vun do aus kommt Dir erëm op d’VëloViaNorden-Streck an der Gemeng Kiischpelt.

D’Streck ass fir Vëlosfuerer reservéiert vu moies 8 bis owes 20 Auer. D’Bussen an d’Awunner duerfen op dësen Deeler vun de Strecken fueren, wat bedeit, datt d’Cycliste wéi och d’Autosfuerer de Code de la Route respektéiere mussen.

Huelt den Zuch a plangt Ären Tour esou wéi et fir Iech am Beschte passt. Laanscht d’Streck vu méi ewéi 30 km VëloViaNorden fannt Dir verschidde Garen: Kautebaach, Wëlwerwolz, Draufelt, Clierf an Ëlwen. Eis Restauranten, Hoteller a lokal Geschäfter freeë sech op Äre Besuch.

Méi Informatiounen op :

www.velovianorden.lu

www.velosummer.lu

Back to Top
CIM LOGO