Receptioun mam Emmanuel MacronSechst Visite de courtoisie: Grand-Duc a Grande-Duchesse reese Mëttwoch op Paräis

RTL Lëtzebuerg
Fir déi sechst Visite de courtoisie am Kader vum Trounwiessel reesen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse e Mëttwoch op Paräis, wou si offiziell vum franséische President Emmanuel Macron empfaange ginn.
D'groussherzoglech Koppel beim Trounwiessel zu Lëtzebuerg am Oktober 2025.
© NICOLAS TUCAT/AFP

De Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie reesen e Mëttwoch op Paräis, wou si am Kader vun de Visites de courtoisie nom Trounwiessel vum franséische President Emmanuel Macron wäerten offiziell empfaange ginn. Begleet gëtt d'groussherzoglech Koppel dobäi vum Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel.

D'Visitt zu Paräis ass déi sechst Visite de courtoisie, déi de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse zënter dem Trounwiessel maachen. Virdru ware si schonn an der Belsch, an Däitschland, an Holland, am Vatikan an a Spuenien op Besuch.

Back to Top
CIM LOGO