Wéinst "Trafic d'influence"Cargolux muss 1,15 Milliounen Euro Strof bezuelen

RTL Lëtzebuerg
1,15 Milliounen Euro Pretekoll. Dat ass d’Strof fir d'Fracht-Airline Cargolux wéinst Trafic d'influence. D'Cargolux huet e Jugement sur accord ofgeschloss.
© Domingos Oliveira / RTL Archivbild

Wéi et an engem Schreiwes vun der Justice heescht, ginn d'Faiten op d'Joren 2010 bis 2015 zeréck a sinn am Kader vun der Airline hiren Aktivitéiten am Gabun geschitt. D'Justiz preziséiert, datt just d'Gesellschaft viséiert ass, keng Eenzelpersounen, an datt d'Firma 2015 eng Information volontaire gemaach huet, sech also vu sech aus gemellt huet. Zanterhier hätt d'Entreprise och Mesurë geholl, fir déi intern Kontrollmechanismen an d'Gouvernance ze verbesseren.

D’Cargolux gëtt vun ëffentlechen Aktionäre kontrolléiert. De Staat, d'SNCI an d'Spuerkees an d'Luxair halen zesumme 65 Prozent vum Kapital. Déi chineesech HNCA huet 35 Prozent vun de Parten.

Liest hei d'Schreiwes vum Parquet

E Mëttwoch am Virmëtteg huet d'Cargolux selwer dann och nach emol reagéiert an d'Decisioun vum Geriicht confirméiert. Et hätt een d'Strof akzeptéiert a géif weiderhin doran engagéiert bleiwen, ethesch, transparent a mat Integritéit z'operéieren.

D'Schreiwes vun der Cargolux

Back to Top
CIM LOGO