Tunnelle Stafelter a Grouft nees zouEng Dampentwécklung am Tunnel Grouft hat fir Chaos op der A7 am Raum Waldhaff an Ëmgéigend gesuergt, an et ass nach net eriwwer

Andy Brücker
Automobilisten, déi vum Kierchbierg a Richtung Norde wëllen, hunn um Mëttwoch de Moie vill Gedold gebraucht.
© RTL Mobile Reporter

D'Autobunn A7 war vum Waldhaff u vu 5:20 Auer u fir den Trafic gespaart, dat nodeems géint 5:15 Auer eng Dampentwécklung am Tunnel Grouft gemellt gouf. Dat krute mer op Nofro beim CGDIS matgedeelt.

De Réckstau am Raum Waldhaff goung quasi an all Richtungen, zeréck bis op d'A1 an op der N11 a Richtung Eech, grad ewéi Richtung Gonnereng.

Um 8:19 Auer war et d'Meldung, dass béid Tunnellen (Stafelter a Grouft) a Richtung Norden nees fir den Trafic op sinn. De Stau dierft sech deemno lues awer sécher nees opléisen.

Kuerz drop nees zou

D'Freed, dass d'Autobunn nees op wier, war awer net vu laanger Dauer. Um 9:43 Auer war et d'Meldung vum CITA, dass d'A7 a Richtung Norden nees vum Waldhaff bis op Luerenzweiler "bis op Weideres" fir den Trafic gespaart ass.

Wat war den Ausléiser?

An de leschte Woche ginn nuets jo d'Ventilatoren am Tunnel Grouft gefléckt, respektiv ersat, nodeems technesch Mängel opgefall waren. RTL-Informatiounen, dass e Ventilator Ausléiser vun der Dampentwécklung kéint gewiescht wier, huet de Spriecher vu Ponts et Chaussées dementéiert.

Wéi d'Ekippe bis op der Plaz waren, war keen Damp méi ze gesinn. De Ventilatiounssystem gouf gestoppt, fir dass ee se all eenzel konnt kontrolléieren. Dräi Stonne méi spéit sinn d'Tunnelle nees fir den Trafic opgaangen.

Soubal mer offiziell Informatioune vu Ponts et Chaussées kréien, deele mer Iech déi mat.

Back to Top
CIM LOGO