
D’Temperature vun de leschten Deeg waren zimmlech héich, a wat fir een Omen fir d’Zukunft!
Ob Dir Iech dobaussen oder an Ärer Wunneng ophält, leit Dir ënnert dëser Hëtzt?
Fir dobausse kënne mir Iech leider net hëllefen. Mir hunn awer Léisungen, fir Är Wunneng kill ze halen.
Fir echte Wunnconfort, well e killt Haus an engem hëtzege Summer oder wärend enger Hëtztwell ass net nëmmen e Facteur fir d’Wuelbefannen, mee och fir d’Gesondheet.
Wéi schléift een, fir sech z’erhuelen, wéi schléift een mat engem erhuelsame Schlof, wéi lieft ee besser an sengen eegene véier Wänn, wann et jidderengem ze waarm ass?
Bamolux, en Handwierker mat Passivhaus-Zertifikat, bitt Iech verschidden Zorten vun Daachisoléierung un. Well dat éischt, wat Dir maache kënnt, fir de Confort vun Ärem Haus ze verbesseren, dat ass schonns emol wann Dir op eng korrekt Daachisoléierung oppasst.
Eng passend a qualitativ héichwäerteg Daachisoléierung, dat bedeit:
Ganz ze schweige vun engem méi héijen Immobiliewäert vun Ärem Gebai. Ganz ze schweige vu staatlechen Incentiven.
Sidd Dir iwwerzeegt, datt Dir besser liewe kéint? Besser schlofe kéint? Da kontaktéiert eis Bamolux-Experten esou schnell wéi méiglech per Telefon, per E-Mail oder iwwert eis Websäit.
Wëllt Dir nach méi wëssen?
Mir hunn eis entschloss, de Fokus op eis 2 Haaptproduiten mat gläichwäertegen a ganz performanten thermesche Virdeeler ze leeën.
Holzfaseren hunn de Virdeel, datt se ganz effektiv sinn an an de meeschte Fäll kënnen gebraucht ginn.
Zelluloswatt ass biobaséiert a gëtt an der Belsch, zu Ciney, manner wéi 150 km vun der Stad Lëtzebuerg ewech, hiergestallt. Et handelt sech also ëm e sougenannte "lokale" Produit.
Dir fannt nach e ganze méi genauen Dossier doriwwer op bamolux.lu.
Dës hallefsteif Isoléierplacken aus Holzfaseren hunn erstaunlech Isolatiounseegenschaften. Si setzen d’Heizkäschten an domat d’CO2-Emissiounen erof. Ausserdeem späichere si Kuelestoff duerch d’Photosynthese: d’Beem huelen de Kuelendioxid (CO2) aus der Loft op. Si späichere Kuelestoff (C) a gi Sauerstoff (O2) an d’Atmosphär of. Dës Panneauen hunn en negative Kuelestoffbilan: Si späichere méi CO2 wéi es bei hirer Hierstellung fräigesat gëtt.
Eis Placke bestinn aus Holzfasere vun Nolhölzer. Et handelt sech ëm en Naturproduit ouni gesondheetsschiedlech Zousazstoffer, wéi den A+-Label et beleet, dat d’Qualitéit vun der Raumloft garantéiert. E gudde Fiichtegkeetsmanagement ass fir de Raumconfort absolut néideg. Dës Isolatiounsstoffer sinn op fir d’Diffusioun vu Wasserdamp a schützen de Wunnraum viru Kondensatiouns- a Fiichtegkeetsproblemer.
Am Aklang mat senger neier strategescher Ausriichtung op nohalteg Entwécklung bitt Bamolux Isolatiounsaarbechten duerch Ablose vun Zelluloswatt un, engem natierlechen an ökologeschen Isolatiounsstoff, deen de beschte Präis-Leeschtungs -Kompromëss fir d’Isoléiere vu verluerene Späicheren, Ënnerdiecher oder och vu Bieden an Daachbiede bitt.
Ënner den ökologeschen Isolatiounsstoffer stécht Zelluloswatt besonnesch ervir. Si gëtt aus recycléiertem Material hiergestallt an eegent sech fir eng Villfalt vun Isolatiounen, woubäi d’Exigenze vu Leeschtung, Sécherheet, Ëmweltschutz a Käschten erfëllt ginn.
Mam Gebrauch vun Zelluloswatt kann een d’Kompartimenter komplett fëllen, bis an d’Ecker a ronderëm d’Réier.
Wa se richteg placéiert sinn, verhënnert d’Elastizitéit vun den opgelockerte Pabeierfaseren och en Tassement. Dat ass iwwregens och de Grond fir wat d’Pose vun Zelluloswatt nëmme vun agreéierte Souffleuren erlaabt ass, esou wéi mir der bei Bamolux hunn. Opgrond vu senger Elastizitéit a Struktur verhält sech den Zellulos am Fall vu Brand esou änlech wéi massivt Holz, wat et niewent der Ofwier vun Insekten a Nagedéieren zu engem héichgradege feierfeste Material mécht.
En ökologescht Isolatiounsmaterial, dat aus onverkaaften Zeitungen, Reschter vu Seeëreien a Pabeieroffäll produzéiert gëtt. D’Watt gëtt zerklengert, zerfasert a zerschreddert, fir Zellulosflacken ze kréien. Dës ginn da behandelt, fir en héije Feierwiderstand zu erreechen, deen d’Entwécklung vu Schimmel an Nagedéiere verhënnert.
Déi aus natierlechen a recycléierte Produiten hiergestallt Ablosisolatioun aus Zelluloswatt ass d’Léisung mat de geréngste Käschte fir gro Energie a gehéieren esou zu den ëmweltfrëndlechsten Isolatiounsléisungen op dem Maart, déi mir bis haut kënnen.
Ausserdeem ass d’Zelluloswatt biobaséiert a gëtt zu Ciney an der Belsch produzéiert, manner wéi 150 km vun der Stad Lëtzebuerg ewech. Et ass also e sougenannte "lokale" Produit.
Mir freeën eis drop, Iech ënnert eise villen zefriddene Client ze zielen.
Weider Informatioune fannt Dir op bamolux.lu!