
Op der N23 huet d'Police en Donneschdeg eng Vitesskontroll duerchgefouert. Um Enn dovu sollt nach e presséierte Chauffer laanscht d'Beamte rennen. Nodeems dëse gestoppt war, huet sech erausgestallt, datt en ze vill gedronk hat. Et gouf Protokoll erstallt an e provisorescht Fuerverbuet ordonéiert.
Um Fridhaf war en Donneschdeg den Owend géint 21:40 Auer en Automobilist opgefall, deen opfälleg ënnerwee war. D'Police huet d'Gefier, dat op enger Säit staark beschiedegt war, an der Entrée vun der Tankstell virfonnt. De Chauffer war hannert dem Steier entschlof. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis fort.