Eng Ära geet op en EnnDéi lescht Analog Telefonszentral gouf ausgeschalt

Annick Goerens
E Freideg ass zu Lëtzebuerg eng kuerz, awer wichteg Ära op en Enn gaangen. An engem Telekomszenter vun der POST gouf déi lescht sougenannt EWSD-Anlag ausser Betrib geholl.

Dat kléngt technesch – mee eigentlech geet et ëm eppes, wat bal jidderee vun eis - op d'mannst an den eelere Generatiounen - säi ganzt Liewe benotzt hutt.

Et geet ëm den Telefon. Fréier goufen Telefonsgespréicher nach manuell verbonnen. Duerno hunn elektromechanesch Systemer dës Aarbecht iwwerholl. An zanter den 1980er Jore war et d'EWSD-Technologie, déi d'Telefonsgespréicher digital duerch d'Land geleet huet. Haut leeft de ganze Festnetz-Reseau iwwer digital Technologie – 100 Prozent sougenannt All-IP. De Wirtschaftsminister Lex Delles:

"Mir gesinn, dass hei d'Post hei iwwer 30 Joer an déi digital Kommunikatioun investéiert a mer elo [...] vun där analoger Kommunikatioun eriwwer komplett op déi digital ginn. Et gesäit een also, déi Investissementer, déi iwwert déi lescht Joerzéngte gemaach ginn, déi enorm waren, droen hei hir Friichten. Mir sinn domat och als Lëtzebuerg Virreider an der ganzer EU." Fréier ass alles iwwer de Koffer-Kabel gelaf, och déi huet digital Technologie méiglech gemaach. Mee an Zukunft gëtt et just nach Glasfaser. Den Generaldirekter vun der Post Claude Strasser:

"Dat ass eng Transitioun, déi zanter Joren, fir net ze soen, Joerzéngte virbereet ginn ass. De Schrëtt ass elo komm, well déi analog Technologien einfach net méi gebraucht ginn. Well mer eng Infrastruktur hunn, déi prett ass, fir alles op déi digital Infrastruktur ze maachen. Da kommen awer och aner Consideratiounen dobäi: déi nei Technologië si vill méi energiefrëndlech. Dat heescht, mir wäerten och ganz vill Stroum spueren." De Gaston Bohnenberger, Direkter vu POST Technologies, erkläert, datt e Freideg net nëmmen eng eenzeg Zentral ofgeschalt gouf.

"Mir hunn duerch ganzt Lëtzebuerger Land eng 50 där Centres de télécommunication verdeelt gehat an ënner anerem och nach eng 1200 Schief, wou ganz kleng Telefonszentralen dra sinn, déi mer konnten ausser Betrib huelen. An domadder wesentlech dozou bäidroen, fir manner Energie ze verbrauchen: Klima-Energie, Elektresch Energie an domadder eisen CO2-Foussofdrock ze verbesseren."

Vill eeler Generatiounen hunn dacks Retizenzen, wann et drëm geet vun analog op digital ze schalten, mee de Gaston Bohnenberger berouegt.

"Mir hunn och un d'Bomi effektiv geduecht, well et si Leit, déi keen Internet hunn. An déi Glasfaser, déi mer geluecht hunn, déi ass esou, datt deen normalen Telefon nach drop fonctionéiert. Dat heescht, do ass e Wandler tëscht liicht-Informatiounen an dem Telefon. Dat heescht, do gëtt d'Gespréich vum Telefon direkt an IP ëmgewandelt."

Och wann nach net iwwerall Glasfaser läit, sinn zanter dem 17. Januar all d'Clienten um neien ALL-IP-System, deen däitlech méi Capacitéite bitt, awer och méi Risiko duerstellt. Kann de Lëtzebuerger System op een Schlag lahmgeluecht ginn, wann alles digital ass?

"Natierlech kënnen do Attacke kommen. Mee mir sinn do preparéiert. Mir hu praktesch all Dag eng Attack. A mir hunn e ganze Cybersecurity Departement, deen do doriwwer Firewall'e setzt a kuckt wéi déi Reegele sollen opgestallt ginn, fir dass dat doten net ka passéieren."

Aktuell ass ee bei 93 Prozent Couverture Glasfaser uechter d'Land. Déi al Koffer-Leitunge ginn no an no aus dem Netz ausgebaut a recycléiert.

"Mir si jo immens frou, datt mer elo dee Koffer hunn. Dat ass eng kleng Mouk fir eis. Mee ech hunn och eng Firma fonnt, déi de Kabel schreddert an de Koffer eraushëlt. Natierlech wäerte mir de Koffer um Marché verkafen."

Eng Technologie, déi iwwer véier Joerzéngte laang Telefonsgespréicher duerch Lëtzebuerg geleet huet, ass domat elo Geschicht. Fir d'Clientë bleift zwar bal alles beim Alen – hannert de Kulissen ass de System awer elo awer komplett digital.

Back to Top
CIM LOGO