Op der PompelBensinn, Diesel a Masutt gi méi deier

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg um Hallefnuecht kënnt et bei enger Partie Pëtrolsproduiten zu Präishaussen.
© RTL Archiv

Beim 95er Bensinn ass et eng Hausse vun 1,7 Cent op dann 1,646 Euro de Liter. Beim 98er klëmmt de Präis ëm 4,4 Cent op 1,824 Euro de Liter.

De Liter Diesel kascht vun e Samschdeg un 1,610 Euro de Liter, wat enger Hausse vun 1,8 Cent de Liter entsprécht.

Beim Masutt 10 ppm ass et eng Hausse vun 1,8 Cent, sou dass dëse vun e Samschdeg un 1,093 Euro de Liter kascht.

© RTL Grafik

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO