E Sonndeg stoung de Grousse Präis vu Groussbritannien zu Silverstone um Programm.

Op déi 1. Plaz kënnt den Alex Rins vu Suzuki mat engem knappe Virsprong vun 0.013 Sekonnen, deen domat seng 2. Victoire vun der Saison feiert. Zweete gëtt Marc Marquez vun Honda virum Maverick Vinales vu Yamaha.

Am Generalklassement steet de Spuenier Marc Marquez mat 250 Punkte weiderhin un der Spëtzt. De Virsprong op den Zweeten Andrea Dovizioso läit bei 78 Punkten.