
Och d'Automobilsport-Gala ass ofgesot. /
Dat huet d'Lëtzebuerger Automobilsport-Federatioun e Méindeg den Owend an engem Schreiwes matgedeelt.
D'Lëtzebuerger Automobilsport-Federatioun huet decidéiert, datt wéinst dem Coronavirus dëst Joer iwwerhaapt keng Championnater, keng Couppen an och keng Challengë gefuer, respektiv gewäert wäerte ginn.
Duerch dës Decisioun fält och d'Automobilsport-Gala d'nächst Joer am Januar aus. Den Directoire vum ACL-Sport huet awer och decidéiert, datt d'Piloten hir Lizenz vun dësem Joer d'nächst Saison gratis erneiert kréien.
Am meeschte gelies