Nodeems e Mëttwoch schonn driwwer spekuléiert gouf, ass elo offiziell, dass de Carlos Sainz jr de Sebastian Vettel bei Ferrari ersetzt.

En Dënschdeg hat den däitsche fréiere Weltmeeschter annoncéiert, datt hien déi nächst Saison net méi bei Ferrari wäert fueren.

Et Mëttwoch gouf et schonn divers Meldungen, dass de Sainz déi nächst Saison bei Ferrari géif fueren. Dat gouf dann och um Donneschdeg de Moie bestätegt. De Spuenier gëtt also 2021 den Teamkolleg vum Charles Leclerc.

De Wiessel vum Sainz bréngt dann och weider Changementer mat sech. Domat ass nämlech eng Plaz bei McLaren fräi ginn. Déi huet sech den Australier Daniel Ricciardo dann elo geséchert, deen aktuell bei Renault fiert, do awer net wierklech zefridden ass.

Och de Sebastian Vettel war bei McLaren gehandelt ginn. Ma fir deen, schéint et elo just nach eng Optioun ze ginn, an dat wier da wuel Mercedes. D'Verträg vun Hamilton a Bottas lafen aus... do kéint also eng Méiglechkeet bestoen, eventuell de Bottas z.B. aus dem Team ze verdrängen. Den Hamilton schéint gesat, fir säi Kontrakt nach emol ze verlängeren.

Ëmfro

Agefleeschte Ferrar-Fan Gianni Manzella iwwer Out vum Sebastian Vettel

Den Gianni Manzella ass agefleeschte Ferrari-Fan a President vum Scuderia-Ferrari-Fanclub-Lëtzebuerg. Ronn 140 Memberen huet de Veräin, dee besonnesch den Automobilsport suivéiert. D'Léift an d'Passioun krut den Här Manzella als Kand an d'Wéi geluecht, dat a senger fréierer Heemecht Sizilien, wou besonnesch d'Course Targa Florio de Kenner e Begrëff dierft sinn.

Dës Woch koum d'Nouvelle, datt de Sebastien Vettel a Ferrari vun nächster Saison un an no 6 Joer Zesummenaarbecht elo getrennte Weeër ginn.

Besonnesch d'Entwécklung vum Charles Leclerc ass dem Gianni Manzella no de Grond firwat ee keen Accord fonnt huet. De Monegass huet mat sengen 22 Joer d'Qualitéite vun engem grousse Champion. De Fanclub selwer reest haut manner op Grand-Prix-Coursse wéi fréier, besonnesch an den 80er war een awer vill ënnerwee.