Renault, d'Formel-1-Ecurie, an där och de Gérard Lopez Aktionär ass, bleift an der Kinneksklass vum Automobilsport.

De franséischen Autosconstructeur muss jo duerch de Coronavirus ferm spueren. An den internationale Medie war spekuléiert ginn, datt dovun och den Departement vum Sport bei Renault betraff wär. D'Clotilde Delbos, déi aktuell den Interim als Generaldirektesch bei Renault mécht, huet déi Spekulatiounen awer e Freideg dementéiert.