De Fransous op Toyota ka sech bei der Rallye vu Sardinien virum Elfyn Evans duerchsetzen. Am General läit den Ogier 21 Punkte virum Evans.

De Sébastien Ogier huet d'Rallye vu Sardinien gewonnen. Den Toyota-Pilot huet sech virum Elfyn Evans och op Toyota an dem Thierry Neuville op Hyundai behaapt.

Den Ogier hat e Samschdeg d'Féierung iwwerholl, dat nodeems den Ott Tänak hat missen opginn.

Am General vun der Rallye-Weltmeeschterschaft huet den Ogier elo eng Avance vun 21 Punkten op den Evans.