De McLaren-Pilot huet sech zu Sotschi virum Carlos Sainz op Ferrari an dem George Russell op Williams behaapt.

De Lando Norris op McLaren fiert e Sonndeg beim Grousse Präis vu Russland zu Sotschi vun der Pole Position aus fort. Fir hien ass et déi éischt Pole a senger Karriär. Nieft dem 21 Joer jonke Britt steet de Carlos Sainz op Ferrari. Aus der zweeter Rei fiert den George Russell op Williams als Drëtte fort. Nieft him steet de Weltmeeschter Lewis Hamilton op Mercedes.

De WM-Leader Max Verstappen start mat sengem Red Bull wéinst enger Wiessel vum Motor vun der leschter Plaz.

Fir d'Pilote waren et e Samschdeg keng einfach Konditiounen. Wéinst zolittem Reen gouf de Programm op d'Kopp geheit an den 3. Fräien Training annuléiert. Och wärend dem Qualifying war d'Streck nach naass.

De Grousse Präis vu Russland gëtt e Sonndeg um 14 Auer gestart. Vun 13.20 Auer u kënnt Dir dat Ganzt live op RTL ZWEE, am Stream op RTL.lu an um RTL Play live suivéieren.

Resultat Qualifying

RTL

© Screenshot