No 5 Joer Paus gëtt 2024 nees d'Biergcourse zu Eschduerf gefuer

© Ketty a Rom Hankes (2019)
Fir déi 32. Editioun vun der traditioneller Biergcourse vun Eschduerf hu sech 190 Piloten aus 8 Natiounen ageschriwwen.
5 Joer laang ass net méi zu Eschduerf gefuer ginn, dat ënnert anerem Wéinst de Covid-Kris, ma och wéinst den Nowéien. Wéi och bei aneren Eventer, hu sech d'Leit wärend der Pandemie aner Hobbyen zougeluecht, an de Benevolat, respektiv d'Engagement an de Veräiner ass zeréckgaangen. Dat huet och d'Union des Pilotes mussen iwwert sech ergoe loossen, ma eng Partie engagéiert Leit hu sech zesummefonnt, fir dofir ze suergen, dass d'Eschduerfer Biergcourse um Liewe bleift. Eng dreiwend Kraaft an deem Reanimatiounsprozess war an ass de Laurent Rausch, deen och selwer op Biergcourssen, respektiv am Slalom op engem BMW ënnerwee ass.
De Laurent Rausch war e Freideg Invité an der Emissioun Live! Planet People
Zu Eschduerf heescht et awer elo mol sech op d'Organisatioun ze konzentréieren. Fir de ganzen Event op d'Been ze stellen, kascht natierlech eng Staang Suen, ma awer léisst d'Union des Pilotes sech et net loossen, en Deel fir d'Aktioun Spillplaz fir Kriibskrank Kanner ze spenden.
D'Piloten däerfe sech op déi 1,850 Kilometer laang Streck mat 11 Kéiere freeën, déi plazeweis nei asphaltéiert gouf. Deemno heescht et onofhängeg vun der dach deels technescher awer och séierer Streck nees seng Repèren nees ze fannen. Spëtzegeschwindegkeete vu bis zu 240 Stonnekilometer gi gefuer, respektiv eng Duerchschnëttsgeschwëndegkeet vun iwwer 130 km/h, dat bei enger duerchschnëttlecher Steigung vu 5,8%.
Fir d'Zuschauer gëtt vill fir d'Aen an Ouere gebueden. Sou sinn z.B. d'Piloten aus dem historeschen NSU-Bergpokel mat um Depart, grad ewéi Youngtimer aus de 70er an 80er Joren, net manner wéi 51 Toureween aus dem KW-Berg-Cup, respektiv nach verschidde Porschen, Ferrari, Lamborghini, Nissan Skyline, BMW M3, Lotus Elise, Ford Mustang asw.
Dozou geselle sech dann nach déi sougenannte "Biergmonster", mat ënnert anerem de Subaru WRX STi a Mitsubishi Lancer vum "Schilling Performance Team" a vum Thomas Kessler aus der Schwäiz den Audi 80 Quattro vum Hauke a Michael Weber.
Falls et dréche sollt bleiwen, dierften et déi 51 Formel- a Sportween sinn, déi d'Gesamtvictoire ënnert sech aus maachen, mat do ënnert anerem dem Sébastien Petit um Osella-Mugen Pa30 V8, deen 2018 zu Eschduerf gewonnen hat an och de Streckerekord vun 48,260 Sekonnen hält. Mat op der Rechnung hu musse een och de Patrik Zajelsnik aus Slowenien oder de Schwäizer Robin Faustini. De Lëtzebuerger Champion Canio Marchione wäert mat sengem Osella-Honda Pa2000 probéiere bis an d'Top10 ze fueren.
Et däerf ee sech deemno op spannenden Automobilsport zu Eschduerf freeën. Lass geet et samschdes moies vun 9.15 Auer un, mat 3 Trainingsmanchen. E Sonndeg da gëtt vun 8.30 Auer un ëm d'Gesamtvictoire gekämpft. Och hei sinn nees 3 Manchë geplangt.
Infoe fir Zuschauer
Fir d'Zuschauer ass et nach wichteg ze wëssen, dass am Startberäich am Heischtergronn net méi dierf geparkt ginn, dëst aus Ëmweltschutzgrënn. D'Parkinge sinn am Agang vun Eschduerf, respektiv op der Hierheck.
Via eng Navette kann een dann erof bei den Depart fueren. Dës fuere vu moies 8 bis owes 20 Auer.
Den Entréespräis läit bei 15 Euro fir samschdes, 20 Euro fir sonndes, oder 25 Euro fir de komplette Weekend. Bis 14 Joer ass den Entrée fräi.
Virverkaf an Informatiounen op hillrace.eu
Vum Organisateur ass et den Appell, w.e.g. Gebrauch vun de Poubellen ze maachen, respektiv säin Dreck nees matzehuelen, wann ee geet. Et solle keng Zigaretten an Dreck an d'Wise geheit ginn, dat am Respekt vun der Natur!