Larry Ten Voorde och zu Silverstone net ze stoppen

© Porsche Mobil 1 Supercup
Den Hollänner huet seng 4. Victoire an der 4. Course gefeiert.
De Larry Ten Voorde baut zu Silverstone seng Féierung am General vum Porsche Supercup aus.
Nodeems d’Qualifikatiounsresultater an der Nuecht op e Sonndeg nach eng Kéier wéinst den Tracklimits adaptéiert goufen, ass de Larry Ten Voorde um Sonndeg vun der Pole an d'Course gaangen, dat viru sengen zwee Coequipiere Marvin Klein an Alessandro Ghiretti.
Wéinst den duerchwuessene Wiederkonditioune gouf de Start fir d'éischt hannert dem Safetycar lancéiert an d'Course no enger Ronn kuerzzäiteg ënnerbrach.
Mat enger Véierelsstonn Verspéidung an enger Ronn hannert dem Safetycar konnt d'Course zu Silverstone dann endlech lassgoen.
Den Ten Voorde huet den Ecart virum Klein verdeedegt, mee de Ghiretti konnt den Tempo mat de Lechner-Piloten net matgoen an ass bis hannert de Robert de Haan zeréckgefall.
De Safetycar huet dunn no enger Sortie vum Huub Van Eijndhoven eng weider Kéier missen an den Asaz kommen. D'Course gouf duerno net méi lancéiert an de Larry Ten Voorde ass hannert dem Safetycar iwwert d'Arrivée gefuer.
Hie wënnt domat eng 4. Kéier hannerteneen a kann zu Budapest mam Wolf Henzler gläichzéien, deen als eenzege Pilot fënnef Mol hannertenee konnt am Porsche Supercup wannen.
Den Harry King huet et och bei sengem Heemspill verpasst, den Ten Voorde kënnen ze attackéieren, an ass an England nach hannert säi jonke Coequipier de Haan zeréckgefall.
Déi nächst Course ass dann den 21. Juli zu Budapest an och mir sinn nees live mat dobäi op RTL.lu an op RTL Play.