E Freideg an e Samschdeg gëtt am Norde vum Land de Rallye Lëtzebuerg gefuer.

Virschau Rallye Lëtzebuerg / Reportage Rich Simon

De Rallye Lëtzebuerg huet sech an de leschte Jore fest am Lëtzebuerger Automobilsport-Kalenner etabléiert. Wéi gewinnt geet et nees um Freideg mam sougenannte Shake-Down lass. Nieft dem Shake-Down ginn um Samschdeg nach 12 Specialle gefuer.

Mam Marijan Griebel gëtt et dëst Joer nees ee grousse Favorit. Den Däitschen huet de Rallye ronderëm Housen scho 4 Mol gewonnen a wëll dat och eng 5. Kéier maachen. Staark Konkurrenz kënnt vun de Lëtzebuerger Charles Munster, Ronny Foxius a Steve Fernandes.

Den Andy Brücker vun den Organisateuren geet dovunner aus, datt et op der Speciale um Lausduer nees ganz spektakulär wäert ginn.

Weider Informatioune fannt Dir um offizielle Site.

Déi komplett Startlëscht

RTL